Diskussioun:Mixer

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Anscheinend ass e Mixer "net dat selwecht" wéi en Handmixer, an e Redirect wier "falsch". Mee mir fält näischt aneres bäi, wat op Lëtzebuergesch Mixer genannt gëtt, duerfir steet am Moment nëmmen eng Bedeitung do, an der Hoffnung datt nach anerer nokommen.--Bdx (Diskussioun) 14:28, 2. Mäe. 2015 (UTC)[äntweren]

Et ass och net deenen anere Mataarbechter hir Schold wanns du net wees wat e Mixer ass, deen net just en Handmixer ass. Firwat mengs de datt den Handmixer sou genannt gëtt. Ech ginn der en Tip: Dat kann eventuell sinn well dat eng Zort Mixer ass deen an d'Hand geholl ka ginn, wat mat deem aneren Apparat net méiglech ass. Geet dat als Erklärung duer. --Les Meloures (Diskussioun) 14:39, 2. Mäe. 2015 (UTC)[äntweren]
Et gëtt awer bis elo an där hei Enzyklopedie keen aneren Artikel, deen een mat Mixer a Verbindung brénge kéint. Deementspriechend ass dee Redirect net falsch, a kann direkt an ouni Problem ersat ginn, falls tatsächlech iergendwann een en aneren Artikel géif schreiwen, deen och iwwer e Mixer wier. Et huet kee vu Schold geschwat. Du weess jo anscheindend, wat nach e Mixer ass, da kanns du der jo nach e puer dobäi setzen amplaz hei schéin ze schreiwen. Merci am Viraus fir deng Mataarbecht. --Bdx (Diskussioun) 14:50, 2. Mäe. 2015 (UTC)[äntweren]
Ah sou, wann et keen Artikel gëtt da gëtt mol einfach e Redirect ugeluecht och wann een dervu kann ausgoen datt et net dat selwecht ass. Déi Logik muss mol nach ee mer erklären. Ech wäert mech färrem hidde bei sou engem Päerdesspill matzemaachen, bei deem e Lemma an d'Welt gesat gëtt an dann déi aner Matarbechter opgefuerdert ginn fir ze kompletéieren. Sou fuere mer net hei. --Les Meloures (Diskussioun) 15:07, 2. Mäe. 2015 (UTC)[äntweren]
D'Wourecht ass datts du selwer net weess wat een nach kann derbäimaachen, soss géifs du et wéinstens hei ernimmen an ech géif et dobäi setzen. Erbäermlech. --Bdx (Diskussioun) 15:34, 2. Mäe. 2015 (UTC)[äntweren]
Et kinnt een z.B. nach dësen Apparat derbäimaachen. Oder ass dat kee Mixer? --Pecalux (Diskussioun) 16:20, 2. Mäe. 2015 (UTC)[äntweren]
Dat wier den Apparat iwwer den de Lemma Mixer soll handelen amplaz e Redirect oder eng Quasi-Homonymie ze sinn. Nee BDX du hues onrecht well ech wees wat e Mixer ass, well een a menger Kiche steet. --Les Meloures (Diskussioun) 16:33, 2. Mäe. 2015 (UTC)[äntweren]