Diskussioun:Obélix

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Obelix vs Obélix[Quelltext änneren]

Ech hat d’Säit fir d’éischt als Obélix opgemaach, se duerno awer ëmgenannt op Obelix mam Vermierk: “An de Lëtzebuerger Albume gëtt den Numm ouni <é> geschriwwen”. Ech mengen, mer sollten d'Lemma dann och ouni Accent loossen. Dat selwecht gëllt och fir den Asterix. Als Personnage trëtt en ouni Accent op; just d'Serie gëtt als Astérix genannt, mam original franséische Schrëftzuch, mat Accent. GilPe (Diskussioun) 21:00, 1. Dez. 2019 (UTC)[äntweren]

Moien,
liicht an, mee... wat maache mer da mat deene Personnagen, déi a kengem vum Lex Roth iwwersaten Albume mam Numm genannt ginn (ech denken un de Fëschhändler an de Schmadd), an dofir den Originalnumm behale mussen? Ausserdeem sinn déi Bänn, sou wäit ech weess, vergraff, d.h. et muss ee schonn zoufälleg een doheem hunn, oder an eng Bibliothéik goen, fir erauszefannen, dass mat "Zwirkinnix" oder "Tutebattix" den Abraraccourcix oder den Assurancetourix gemengt sinn...--Zinneke (Diskussioun) 21:10, 1. Dez. 2019 (UTC)[äntweren]

Wat déi Personnage mat engem Lëtzebuerger Numm ugeet, sou schreiwen ech mer op meng to-do-Lëscht fir d'Lëscht vun den Astérix-Personnagen mam Lëtzebuerger Numm ze completéieren, souwäit et méiglech ass. Wat d'Haaptpersonnagen Asterix an Obelix ugeet, sinn ech der Meenung d'Versioun ouni <é> ze huelen, eventuell mat engem Redirect. Wat mengs de? Solle ech d'Fro op de Staminee setzen? GilPe (Diskussioun) 15:36, 2. Dez. 2019 (UTC)[äntweren]

Moien, Ech hu keng staark Vue dofir oder dergéint; wollt just umierken, dass mer bei den Tintins-Personnagen de lëtzebuergesche "Roth"-Numm hunn; an den Harry-Potter-Personnagen den engleschen Originalnumm (trotz lb. Iwwersetzung vun 2 Bänn), wéi och an allen anere Comicken, wou et keng Iwwersetzung gëtt. Iergendwéis sollte mer eis, esou oder esou, konsequent sinn.--Zinneke (Diskussioun) 16:06, 2. Dez. 2019 (UTC)[äntweren]