Diskussioun:Onofhängegkeetsmonument Beidler

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien, dësen Artikel hunn ech mat Hëllef vum Text doriwwer am Buch Beidler fréier an haut (2006, S. 41) geschriwwen. Leider geet dora keng Riets vum Kënschtler deen d'Monument entworf huet an/oder de Relief skulptéiert huet. Och wéini d'Monument vu wou op wou geréckelt gouf steet net do.
Dat bleift also nach erauszefannen... a wéi ëmmer hei, all Hëllef ass wëllkomm. --Cayambe (Diskussioun) 14:05, 30. Sep. 2012 (UTC)[äntweren]

En anere klengen Detail "Mir wëlle bleiwe wat mir sinn" ass an der reforméierter Bruch-Schreifweis, deemno vun no 1999. --Zinneke (Diskussioun) 19:17, 30. Sep. 2012 (UTC)[äntweren]
Gutt gesinn, deen Text schéngt also no 1999 bäikomm ze sinn, vläit beim leschte Plënnere vum Monument :-). --Cayambe (Diskussioun) 20:20, 30. Sep. 2012 (UTC)[äntweren]