Diskussioun:Peter Brandebourg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

De Charel oder de Péiter?[Quelltext änneren]

Moien,

D'Foto vun der Brauerei gëtt op industrie.lu (do wou se hier kënnt) sengem Fils Charles (1851-1906) zougeschriwwen (Kanneraarbecht war deemools nach net verbueden). Dat nämlecht gëllt fir déi vum Pafendall cf onsstad.lu (d'Quell vun der Foto). Bei der Litho hu mir eng sécher Quell, awer net vun der Neipuert, wou keng Quell uginn ass.

Op den Dokumenter, also dat wat ënner der Foto an der Rumm steet oder och hannendrunn, nënnt sech de Papp P. Brandenbourg oder och P. Brandenbourg père. Säi Jong trëtt als Ch. Brandenbourg fils op.

Da steet och am Artikel datt de Bernhoeft den Atelier iwwerholl hätt, dovu wees onsstad awer näischt, am Géigendeel do steet datt de Charel mat dem Betriib weidergefuer wier on duerno deem säi Jong den Émile.

Ech hunn dee Monsterkatalog vun der Ausstellung (nach schéin am Plastik verpaakt - ech kucken d'nächst Woch ob ech do méi fannen. Am Ament just déi 2 Fotoen aus dem Artikel geholl an op Commons geännert. --Jwh (Diskussioun) 02:23, 24. Mäe. 2016 (UTC)[äntweren]

E puer Detailer zu senger Familljesituatioun[Quelltext änneren]

Hie gouf als Pierre Brandenbourger den 25.07.1824 a Clausen gebuer (Geburtsakt Lëtzebuerg no 1824/224). Seng Eltere waren den Charles Brandenbourger an d'Anne Lambert.

Hie gouf bestuet den 04.05.1850 zu Eech (Heiratsakt Eech no 1850/15) mat der Catharina Kranenwitter, gebuer 24.11.1827.

D'Koppel hat 6 Kanner:

Charles (*1851)
Elisa (*1855)
Joseph (*1858)
Michel (*1860)
Mathias (*1863)
Catharina Elise (*1865)

(Quell: Datebank vu luxroots.lu) --Pecalux (Diskussioun) 07:03, 24. Mäe. 2016 (UTC)[äntweren]

Am onsstad-Artikel ass zousätzlich Informatioun zu sengen Elteren. --Jwh (Diskussioun) 07:24, 24. Mäe. 2016 (UTC)[äntweren]


Moien,

a Merci fir Är Remarquen zu dësem Artikel.

D'Wikipedia ass e Gemeinschaftsprojet, deen doduerch wiisst, datt d'Artikele vun de Mataarbechter verbessert an ausgebaut ginn.

Wann Dir Eppes fonnt hutt, dat kéint verbessert oder méi kloer ausgedréckt ginn, da schreift et wgl. an den Artikel selwer, op der Diskussiounssäit ass kengem domat gehollef.

Merci, an op eng gutt Zesummenaarbecht!