Diskussioun:Pierre Kellner

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

De Pierre Kellner gebuer de 15. Februar 1899 am Neiduerf a gestuerwen 1986 war e lëtzebuergesche Sportsreporter a Matgrënner vum Tour de Luxembourg.

Am "Luxemburger Lexikon" ass de Gebuertsdatum mat "15.02.1899" an den Doudesdatum mat "11.01.1986" uginn. Dës Donnéeën treffen awer net op de Sportsjournalist Pierre Kellner zou.

Aner Quellen:

  • Gebuer de 15.04.1900 (Livre d'Or vun der ALPS + Lizenz um INS)
  • Gestern Sonntag gegen 11 Uhr, verschied im Alter von fast 77 Jahren "Kellnesch Pier" ... (Artikel am "Luxemburger Wort" vum 24.01.1977)
  • 23.1.77 Pierre Kellner (77), jounaliste Sportif chez RTL (Rubrik "Ceux qui nous ont quittés" am Flambeau (COSL) nr 13 /14 vun 1977)

(Merci un de F.T. fir seng Recherchen)

--Fliedermaus 08:36, 17. Dez 2007 (UTC)

En décke Merci un d'Fliedermaus a "de F.T." fir hier Beméiungen, Donnéeën ze recherchéieren an et einfach ofzeschreiwen. --Zinneke 10:35, 17. Dez 2007 (UTC)


Merci och vu menger Säit. Nom ech wees net méi genee wéivillte Feeler deen déi lëtzebuergesch Wikipedianer bis elo am Lux-Lex fonnt hunn, werfen ech mäin elo mol einfach an den Drecksbac. Les Meloures 11:21, 17. Dez 2007 (UTC)

Mat der eegener Nues[Quelltext änneren]

Mer sollen net mat ze décke Steng op Leit geheien, déi dat selwecht maachen wéi anerer och. Se schreiwen of. Deenen enge geet, wéi et schéngt, eng Quell duer. Déi méi besser gutt iwwerleeën, wou d'Quell hir Quell hat. An amplaz dat Bichi an den Drecksbac ze geheien, déite mer besser drun, mol ze kucken, wat déi hunn a mär nach ëmmer net! A firwat déi et hunn a mär nach ëmmer net! De Marc Conrad, de Paul Dostert, d'lëtzebuergesch Post (déi belsch hu mer jo schonns :-))) Post (Belsch) ) an de Max Duchscher wäerte sech scho Gedanke gemaach hunn, wat mer géint se hunn. An eng Foto vum Guttland hu mer och nach net. Déi hunn en Artikel an eng terribel Foto. --Cornischong 12:48, 17. Dez 2007 (UTC)


Terribel fir d'Foto vum Guttland ass effektiv gutt gesot. Wa mer esou eng Foto op der Wiki hätten, da wieren do schonns en etlech Froe gestallt ginn, wéi z.B. : Soll dat d'Guttland sinn, oder Ass Guttland wierklech net méi grouss, a Wou soll dat am Guttland sinn. Dem Bild no géif ech soen datt et dem Braassens Emil säi Rappsfeld am Heischtergronn ass. Les Meloures 14:11, 17. Dez 2007 (UTC)


Firwat déi et hunn a mär net.
D'Äntwert ass einfach: Kuck emol wéi laang wéivill bezuelte Leit dodrunner geschafft hunn. An da kuckst de wéi laang, wéivill onbezuelte Leit op der Wki schaffen. Ech fannen da brauche déi puer lb:Wiki Mataarbechter sech nach laang net ze schummen. Les Meloures 14:17, 17. Dez 2007 (UTC)