Max Duchscher

Vu Wikipedia
Max Duchscher
Pseudonym Max von der Syr
Gebuer 15. September 1886
Wecker
Gestuerwen 23. September 1956
Biwer
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller, Industriellen
Famill
Papp André Duchscher
Mamm Catherine Hosp
Geschwëster Maurice Duchscher

De Maximilien "Max" Duchscher (Pseudonym: Max von der Syr, M. v d S.), gebuer de 15. September 1886 zu Wecker, a gestuerwen den 23. September 1956 zu Biwer, war e lëtzebuergeschen Auteur an Industriellen. Hie war den zweeteelste Jong vum André Duchscher aus zweetem Bestietnes.

No senger Primärschoul déi hien zu Wecker, Gréiwemaacher an Iechternach gemaach huet, ass hien an de Gymnase d'Echternach gaangen, wou hie bis 1909 war. Duerno huet hien zu Darmstadt op der Technescher Héichschoul fir Ingenieur studéiert.

1918 gouf hie mat der Émilie Juliette Paula Schaak bestuet.

1919, nom Doud vu sengem Brudder Maurice Duchscher, huet hien d'Leedung vun der Usine de Wecker iwwerholl.

1946 gouf hien zum President vun der Union Adolphe (zanter 1947 Union Grand-Duc Adolphe) gewielt an ass dat bis zu sengem Doud am Joer 1956 bliwwen.

Hie war Member vun der Section de linguistique, de folklore et de toponymie vum Institut grand-ducal.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Duchscher Max, Thill Sepp: Gesabbelt Wirker, 1940
  • Duchscher Max: L'Usine de Wecker et la Famille Duchscher 1873 -1948, Administration communale de Strassen, 1948

Auszeechnungen[1][änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Doudesannonce vum Max Duchscher am Luxemburger Wort vum 24. September 1956 op eluxemburgensia.lu gekuckt de 25. Juni 2022