Maurice Duchscher

Vu Wikipedia
Maurice Duchscher
Gebuer 2. November 1870
Hollerech
Gestuerwen 27. November 1919
Wecker
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Ingenieur, Industriellen
Famill
Papp André Duchscher
Mamm Angèle Huguet
Geschwëster Max Duchscher

De Maurice Duchscher, gebuer den 2. November 1870 zu Hollerech[1], a gestuerwen de 27. November 1919[2] zu Wecker, war e lëtzebuergeschen Ingenieur an Industriellen.

No sengen Ingenieursstudien op der polytechnescher Schoul zu Oochen ass hien 1893 an d'Usines de Wecker, de Betrib vu sengem Papp, dem André Duchscher, agetrueden. 1911, nom Doud vum Papp huet hien d'Leedung vun der Firma zu Wecker iwwerholl.

Hie war vun 1915 vun 1915 bis zu sengem Doud Buergermeeschter vun der Gemeng Biwer.[3]

De Maurice Duchscher ass de Brudder vum Max Duchscher.

Quell[änneren | Quelltext änneren]

  • Noruff Maurice Duchscher aus der Revue technique luxembourgeoise Nr 5, Mee 1919, publizéiert um Site vun den Aal Oochener

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Hollerech war deemools eng eegeständeg Gemeng.
  2. Duchscher Maurice, Wecker - Luxembourg. www.industrie.lu. Gekuckt de(n) 2022-06-26.
  3. Noruff op de Maurice Duchscher an der Obermoselzeitung vum 29. November 1919 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 26. Juni 2022