Diskussioun:Schëld E, 2b

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

@ GilPe

Originaltext aus dem Code de la route[Quelltext änneren]

„2. Présignalisation d'une route sans issue – Le présignal E,2a indique une voie publique sans issue. Le symbole figurant sur ce signal peut être modifié pour répondre à la configuration des lieux. La barre rouge peut être remplacée par un signal d'interdiction ou de restriction“

Artikel 107 – V. Signaux d'indication[1]

Sollt den Artikel 107 etc net besser uewen driwwer stoen sou wéi et logescherweis och am Gesetzestext steet, a et misst och vläicht méiglech sinn dat Ganzt lenks z'alignéieren. Soss gesäit et trotz all méigleche Schablounen déi gebraucht sinn zimmlech konfus aus.

Eventuell op dës Manéier:

Artikel 107 – V. Signaux d'indication[2]

2. Présignalisation d'une route sans issue – Le présignal E,2a indique une voie publique sans issue. Le symbole figurant sur ce signal peut être modifié pour répondre à la configuration des lieux. La barre rouge peut être remplacée par un signal d'interdiction ou de restriction

Les Meloures (Diskussioun) 15:30, 8. Abr. 2024 (UTC)[äntweren]


Gudden Owend,
Ech sinn am Gaang de „Schëlterbësch“ eenheetlech ze raumen an hu bis elo eng gutt 60 Artikelen mat der Schabloun {{Zitat}} formatéiert. Do kënnt d'Quell nun emol hannert dem eigentlechen Zitat, wat mech am Fong och net stéiert… Bei alle Referenzen soss doruechter kënnt d'Indikatioun vun der Quell dach och ëmmer zum Schluss; firwat sollt et hei ëmgedréint sinn? Mä, wann déi Léisung „besser“ sollt sinn, kann ech mech och domat ufrënnen.
Soss misst, wat d'Alignement ugeet, dann eppes an der Schabloun ugepasst ginn. | GilPe (Diskussioun) 20:47, 8. Abr. 2024 (UTC)[äntweren]


Wann et eng Referenz soll sinn da soll se menger Meenung no och eenheetlech wéi all d'Referenzen zum Schluss vum Artikel ënner der Iwwerschrëft <Referenzen> stoen an net matzen am Text an enger Schabloun agebaut. Wie soll soss dreemen datt et et eng Referenz soll sinn. --Les Meloures (Diskussioun) 07:06, 9. Abr. 2024 (UTC)[äntweren]
Et ass jo och nëmmen e Verweis op d'Referenz déi dann awer ënne steet, a sou wou en do steet, entsprécht dat, sou wäit wéi ech bis elo erausfonnt hunn, och net de Virbiller aus anere Wikien a gesäit sech einfach schlecht un. --Les Meloures (Diskussioun) 07:17, 9. Abr. 2024 (UTC)[äntweren]
Wat d'Schabloun Zitat ugeet, sou ass menger Meenung no de Gebrauch an dëse Fäll iwwerhaapt net ubruecht. Si ass net geduecht fir wann ee selwer eppes opziele wëll ma fir wann een en Zitat vun engem aneren sief et en Auteur, e Riedner etc. oféiere wëll. Doriwwer eraus ass et wéi bei all Schabloun; et soll ee wa méiglech keng Schablounen anenee setzen. Wann een net wees wéi dat korrekt soll gemaach ginn da geet et zu 99,9 % schif --Les Meloures (Diskussioun) 09:20, 9. Abr. 2024 (UTC)[äntweren]
  1. (fr)Code de la route - Recueil de législation routière. data.legilux.public (23.11.1955). Gekuckt de(n) 29.03.2024.
  2. (fr)Code de la route - Recueil de législation routière. data.legilux.public (23.11.1955). Gekuckt de(n) 29.03.2024.