Diskussioun:Schibbreger Tunnel

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

wouduerch den Trafick eng Zäit ënnerbrach war an d'Passagéier mat Bussen transportéiert goufen.

Dat stëmmt awer net mat der Info aus der Zeitung iwwereen déi als Referenz zitéiert gëtt. Do steet nämlech dat hei: Aktuell ass d'Eisebunnslinn 10 um Ofschnëtt tëscht Ettelbréck a Gouvy komplett gespaart. Dëst well vum 20. August bis den 12. September Maintenanceaarbechten op der ganzer oder op Deeler vun der sougenannter Nordstreck vu Lëtzebuerg op Gouvy duerchgefouert ginn -- IP

Ech gesi kee Widersproch tëscht "ënnerbrach" a "komplett gespaart". Oder ass et, well et am Artikel sou duergestallt gëtt wéi wann d'Ënnerbriechung mëttlerweil nees opgehuewe wier? --Otets ♣ 23:09, 31. Aug. 2022 (UTC)[äntweren]

@Otets : Moien, et ass well et sou duergestallt ass, wéi wann et just wéinst dem Äerdrutsch wier en plus wéi wann et net méi de Fall wier. Du has bal alles erausfonnt. :-) --2A02:A03F:A199:6C00:51F5:3C6F:CA94:789 06:08, 1. Sep. 2022 (UTC)[äntweren]
Moien IP,
Du hues net ganz Onrecht; ech hunn den Artikel geschriwwen fir datt en an enger gudder Woch och nach richteg ass. Ech si keen Tunnelbauer, hunn awer eng gewësse Virausanung, datt den Tunnel den 12. September net wéi geplangt wäert opgoen. OK, vläicht e bësse spekulativ… Ech hunn den EnCours nees dra gesat an da kucken ech an enger gudder Woch wéi et sech entwéckelt huet. GilPe (Diskussioun) 17:46, 1. Sep. 2022 (UTC)[äntweren]