Diskussioun:Schiedel
Ausgesinn
Lemma
[Quelltext änneren]Diskussioun iwwer dat Lëtzebuergescht Wuert fir Schädel (Däitsch) oder Crâne (Franséisch). Op Lëtzebuergesch hunn ech bis elo "Schiedel", "Schädel" a "Crâne" fonnt.
Schiedel
[Quelltext änneren]- https://www.rtl.lu/news/carte-blanche/a/79127.html
- "D’Miessung vun der mënschlecher Intelligenz huet am 19. Jorhonnert mat Schiedelmiessungen ugefaangen. Haut gëtt no Intelligenzgene gesicht."
- https://www.eldo.lu/aktuell/news/a/120029.html
- De Mann vun der demokratescher Spëtzepolitikerin wier beim Abroch mat engem Hummer attackéiert ginn an ass mat engem Schiedelbroch a schwéiere Blessuren an d’Klinick komm.
- https://www.eldo.lu/musek/news/a/32587.html
- Et weess een just, dass den Thomas Götz momentan op der Intensivstatioun leit an anscheinend en Schiedelbroch huet.
- https://guykaiser.lu/neurochirurgie-e-weidert-beispill-vu-sozialisteschem-illusionismus/
- Den Detail erspuere mir eis: et dréit sech ëm eng speziell chirurgesch Technik fir de Patient um Schiedel ze operéieren an him en Tumeur erauszehuelen oder eng Bluddung ze fleegen.
- https://issuu.com/maisonmoderne/docs/citymag_1012
- Als éischt modelléiere mir aus Leem (mat Hëllef vun engem Modell) e Schiedel a setzen dann "Haut an Hoer" vun eisem Neandertaler drop.
- https://issuu.com/musenationaldhistoirenaturelle/docs/pw12019kl
- Eileschiedel: D'Ae maachen en Drëttel vum Kapp aus.
- https://crpp.lu/LU/orthopedesch-kinesitherapie-.php
- Dës Torticolisen kënnen eng Feelformatioun vum Schiedel matsechbréngen, Plagiocéphalie.
- MEE: dem Luxemburger Wörterbuch no ass "e Schiedel oder Schedel" eng Moosseenheet: Schiedel, Schedel † M.: «Kalkmaß (Hohlmaß), 625 Liter.
Schädel
[Quelltext änneren]- https://www.rtl.lu/kultur/news/a/697521.html
- Un e sëlleche Schädelen, Wueden- a Schinnebeen hunn d'Fuerscher Frakture fonnt, déi mat enger enormer Wucht entstane musse sinn.
- https://www.rtl.lu/kultur/news/a/573849.html
- De Schädel vum Descartes ass zanter 1821 am franséischen Muséum national d'histoire naturelle zu Paräis.
- https://www.rtl.lu/news/national/a/1591.html
- Zeienopruff: Eng Tut mat 2 mënschleche Schädele gouf fonnt
Den 23. Januar 2003 goufen op enger Bushaltestell zu Diddeleng-Butschebuerg (Budersberg) an enger Plastikstut zwee mënschlech Schädel (Crânes) fonnt. - https://www.rtl.lu/news/international/a/648664.html
- Wat d'Blessuren ugeet, esou wier de Schädel nach intakt gewiescht, ma d'Wirbelsail wier uerg verletzt gewiescht.
- https://www.rtl.lu/news/international/a/749193.html
- Vun 150 Fäll 2014 op iwwer 2700 Fäll vun uerge Problemer bei der Entwécklung vum "Schädel" bei Bëbeeën am Joer 2015.
- https://www.rtl.lu/news/national/a/1482746.html
- Den oppene Broch vum Schädel kéint duerch een oder méi Schléi oder e Stoussen zu Bouneweg, respektiv duerch d'Feier a Frankräich verursaacht gi sinn.
- https://www.rtl.lu/news/international/a/1044289.html
- Bei Minnenaarbechter sinn deemools zoufälleg 2 Schädele fonnt ginn, déi awer zäitlech net ageuerdent konnte ginn.
- https://www.rtl.lu/news/international/a/43439.html
- Den angebleche Schädel vum Adolf Hitler deen zu Moskau ausgestallt ass, soll vun enger Fra stamen.
- https://www.rtl.lu/lifestyle/news/a/882518.html
- Den Ament gi weider Tester gemaach fir nozeweisen datt d’Deformatioune vum Schädel och op den Zika Virus zeréck ginn.
- https://www.rtl.lu/news/national/a/545385.html
- https://www.eldo.lu/aktuell/news/a/5795.html
- D’Dokteren hunn e Schädelbroch, massiv Bëssblessuren an e Beebroch disgnositzéiert.
- An da gëtt et nach ganz vill Artikelen, déi "Schädel-Hirn-Trauma", "Schädelbasisbroch", "Schädelfraktur" erwänen.
Hierschuel
[Quelltext änneren]- Am Luxemburger Wörterbuch fënnt een Hierschuel: Hir- / hir- | -schuel F.: «Hirnschale» — wann ech e gesinn, dann haën ech em d'H. duerch (an).
- Ech mengen an deem Artikel hei am Tageblatt („Zeeechen“ vum Samuel Hamen a Marc Angel / „Zäit mat Zeilen doutschloen“) ass dee Begrëff och ze fannen, mee en läit hannert enger Paywall.
- MEE: Dee Begrëff hunn ech soss néierens gesinn, och nach ni héieren, an am Ufank hat ech gemengt, datt et eppes mat engem huelen Hiersch ze dinn hätt, am planz mat enger Schossel fir d'Gehier.
- Et ass net eng Schossel fir d'Gehier, et ass d'Schuel déi ëm d'Gehier ass, d. h. just den ieweschten Deel vum Schiedel. --2A02:A03F:A199:6C00:B8B9:FF7D:B7B4:2850 14:58, 26. Nov. 2023 (UTC)
- Aahh dat mécht vill méi Sënn. Dann ass dat schonn emol gereegelt.--Bdx (Diskussioun) 15:17, 26. Nov. 2023 (UTC)
- Et ass net eng Schossel fir d'Gehier, et ass d'Schuel déi ëm d'Gehier ass, d. h. just den ieweschten Deel vum Schiedel. --2A02:A03F:A199:6C00:B8B9:FF7D:B7B4:2850 14:58, 26. Nov. 2023 (UTC)
Crâne
[Quelltext änneren]https://www.rtl.lu/news/national/a/545385.html
- A keng Akte méi hu vun de Crânë vun de Kanner ënner 15 Joer."
Diskussioun
[Quelltext änneren]Wéi sot dir fir dee Begrëff? Ech mengen, datt ech dat Wuert nach ni aktiv am Lëtzebuergesche gebraucht hunn. --Bdx (Diskussioun) 14:46, 26. Nov. 2023 (UTC)