Diskussioun:Sir (Baach)

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Ech si mer zwar nët ganz secher, mee ech wunnen am Syrdall zu Éiter an ech hun nach ni gesin dat Sir mat engem "i" geschriwwen gët. Mir ass ët wéi wann och op Lëtzebuergesch géif "Syr" geschriwwe gin. Dat selwecht gëllt fir d'Uertschaften Syren, Iwwersyren a Rued-Syr. --Xavierschmit 15:33, 26. Feb. 2010 (UTC)[äntweren]

Moien,

Am Artikel steet Si huet hir Quell um Flouer Reichemt am Süde vu Siren op enger Héicht vun 285 m

Déi Foto am Artikel schéngt mir dann awer net d'"Quell" ze sinn.

De Flouer Reichemt läit um CR132.

D'Foto ass e fréiere Lavoir a Véitrach an der Rue de Dalheim (CR154).

Tëscht deenen zwéi Punkte leien eng 860m Loftlinn.

--Jwh (Diskussioun) 21:46, 21. Aug. 2016 (UTC)[äntweren]

De fréiere Wäschbur ass déi Plaz déi fréier als Quell vun der Sir ugesi gouf. Déi aner Baach déi hir Quell op Reichemt huet an haut als Sir ugesi gëtt huet fréier Krombach, Krombech, an och nach Krompecht geheescht. --Les Meloures (Diskussioun) 06:39, 22. Aug. 2016 (UTC)[äntweren]
Ah bon, Merci, dat gëtt Sënn. --Jwh (Diskussioun) 07:07, 22. Aug. 2016 (UTC)[äntweren]