Diskussioun:Spueneschen Tiermchen

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Bonjour,

E Spueneschen Tiermchen ass e klengen Tiermche vun der Festung Lëtzebuerg, vun deer Zort déi als éischt vun de Spuenier an der Mëtt vum 17. Joerhonnert gebaut gouf.

Ech well net behapten datt dëst komplett falsch ass. Mee huet schonns een dru geduecht mol d'Festung Lëtzbuerg mat franséische Festungen ze vergläichen wou och sou Tiermecher sinn an déi net vun de Spuenier gebaut goufen.

Poivrière

Echaugette


Villmols Merci fir deng Interventioun. Esou wéi ech den Text verstinn, bezitt de Lemma "Spueneschen Tiermchen" sech exklusiv op d'Tiermercher vun der Festung Lëtzebuerg. Kuck: E Spueneschen Tiermchen ass e klengen Tiermche vun der Festung Lëtzebuerg, vun deer Zort .... . An dës Tiermercher sinn nun eemol vun de Spuenier gebaut ginn. Am lëtzebuergesche Sproochgebrauch sinn se allgemeng als "Spueneschen Tiermchen" bekannt. Et stëmmt dass an de franséische Festungen och esou Tiermercher waren, mee déi heeschen am franséischen anescht a déi ginn an dësem Artikel och net behandelt. Et wier natierlech net falsch wann een déi franséisch Variante och hei géif ernimmen.
--Pecalux 12:35, 10 Mee 2007 (UTC)

Échauguette espagnole[Quelltext änneren]

Anscheinend gëtt et deen Ausdrock och nëmmen zu Lëtzebuerg. Ech hunn e bis elo nach néirens soss fonnt. Les Meloures 19:35, 14. Abr. 2010 (UTC)[äntweren]

Hm, firwat iwwersetze mer et dann, wann et dat guer net esou am Frankräich gëtt? Wann s de mengs kanns de d'Referenz op d'Iwwersetzung dann och ganz eraushuelen, well wa mer se an all d'Sprooche vun den Interwikilinken iwwersetze mussen... --Otets 02:58, 16. Abr. 2010 (UTC)Net-formatéierten Text hei androen[äntweren]


Moien,

ech verstinn net wat esou komplizéiert un der Saach ass.

Dann soen ech emol wéi ech dat gesinn a wat ech ënnerholl hunn.

  1. De spueneschen Tiermchen heescht nëmmen a Bezuch op d'Festung Lëtzebuerg esou.
  2. Et gëtt d'fr:Iwwersetzung nëmmen an Texter déi zu Lëtzebuerg vum ONT gezwafft goufen oder anere lëtzebuergeschen Touristeguide.
  3. D'Fransouse kennen an hirem Sproochgebrauch d'échauguette espagnole net. Firwat sollen se och? Si hate keng Spuenier déi der bei hinne gebaut hunn.
  4. Den eenzegen Artikel an enger aner Wiki dee mat dem Lemma iwwereneestëmmt ass deen an der de:Wiki. Spanische Türmchen
  5. Den fr:Artikel Echaugette bezitt sech op all esou Tiermercher am Allgemengen, grad ewéi den däitschen Scharwachtturm.
  6. Wa mer an der fr: Wiki en Interwiki op Échauguette setzen, an op der de:Wiki op Spanische Türmchen zwaffe mer à court oder à long terme en Interwikonflikt, well den fr: Artikel échauguette linkt op den de: Scharwartturm.
  7. D'Fransouse nennen déi ronn Tiermecher ouni se mat de Spuenier a Verbindung ze bréngen fr:Poivrière (architecture)Poivrière.
  8. Ech hunn dofir mol de Link op échauguette erausgholl, an och op der fr:Wiki de lëtzebuergeschen Interwiki.
  9. Wann se bei ons op franséisch échauguette espaognole genannt ginn, verstinn ech net firwat se am Artikel échauguette (espagnole) mat Klamere genannt ginn.
Les Meloures 07:35, 16. Abr. 2010 (UTC)[äntweren]