Diskussioun:Strudel

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

D'ongresch Kichen[Quelltext änneren]

Si gëtt am Artikel ernimmt. Well ech deen Ausdrock nach nie héieren hunn a well ech en och a kenger vu mengen Dokumentatiounen fonnt hunn, stellen ech mer d'Fro: Ass dat richteg oder ass et e Schreiffeeler? Den DLW an den DFL soen ungaresch. Wat mengen eis "Linguisten"? --Pecalux (Diskussioun) 08:37, 11. Mee 2013 (UTC)[äntweren]

Moien,
D'Wörterbuch der Luxemburger Umgangssprache kennt et. No deem wier allerdéngs déi richteg Schreifweis ongeresch.
--Les Meloures (Diskussioun) 08:50, 11. Mee 2013 (UTC)[äntweren]
Moien, de Romain Hilgert schrouf eng Kéier en Artikel iwwer en Dictionnaire mam Titel: "Bettseecheschzalot heescht gyermeklàncfü: Den éischte Dixionär Lëtzebuergesch-Ongresch." (Lëtz. Land vum 10. August 2001. D'Wuert ass wuel rar, mee ass vum Kontext hier ze verstoen, och wann een et selwer net gebrauche géif. Gi mer em dofir eng Chance. --Zinneke (Diskussioun) 09:16, 11. Mee 2013 (UTC)[äntweren]