Diskussioun:Systematik vun de Bléieplanzen

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Gudde Mëtteg, misst et hei net Kéngblat amplaz Keimblat heeschen? Christian Ries (Diskussioun) 14:21, 8. Mee 2018 (UTC)[äntweren]


Mëtteg och,
Sou wäit wéi mir bekannt ass huet d'Kéng net direkt eppes mam Keimblat ausser datt dat doraus erauswiisst. Dat Blat gëtt normalerweis éischte Schotz genannt.
Deen neien CPLL schafft zimmlech gutt. Firwat mat sou Nimm net einfach waarde bis déi mol all d'Intervenanten an der Lëtzebuerger Sprooch kontaktéiert hunn. Et mécht jo rose wéineg Sënn wann ausser dem CPLL nach 10 Instanzen un der Sprooch wëlle schaffen. --Les Meloures (Diskussioun) 14:59, 8. Mee 2018 (UTC)[äntweren]

Gudde Moien Les Meloures, Merci fir däi Feedback. 't ass eng gutt Iddi, ech wäert mech un de CPLL wenden mat esou Froen. Ech brauch relativ vill Botanik-Begrëffer op Lëtzebuergesch am Kader vun engem Projet hei am Musée, fir all Planz en eendeitegen (a logeschen) lëtzebuergeschen Numm ze ginn. Mir hu schonns Kontakter mat dem LOD an deem Kader.

Ech stoussen ëmmer nees op änlech Problemer:

  • Et gëtt keng lëtzebuergesch Bezeechnung (resp. ech fanne keng)
  • Et gëtt eng nei Bezeechnung am LOD déi am Luxdico net existéiert, mä wou en anere Begrëff do steet, deen am haitege Lëtzebuergesch manner oder net méi a Gebrauch ass, z.B. Pollen vs. Bollmiel.
  • Et gëtt dat Wuert Keim op Lb nëmme fir "germe" (FR), d'Wuert Kéng existéiert am LWB, an d'Wuert Schotz heescht néirens Keim oder Keimblatt, mä éischter op DE «Schössling, Trieb», wat net dat selwecht ass.

--07:22, 9. Mee 2018 (UTC)Christian Ries (Diskussioun)