Diskussioun:Thorunn Egilsdottir

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia
  • D' Bild Fichier:Thorunn1.jpg gouf eraus geholl. Copyyrightproblem: cf. Bemierkung op commons This image is missing permission. Unless the permission is given, the image can be speedy deleted seven days after this template was added and the uploader was notified 81.244.166.88 09:33, 10. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]
  • Idem fir Fichier:Thorunn2.jpg


  • Des Säit w.e.g. entsperren. D'Fotoen sin veraalt an esou net ok. De ugeschwaten copyright-problem ass geleist.

Dës Noriicht gouf dragesat vun der IP 77.23.127.247.

Moie gesot,
1) Ech hunn elo um 19:07 Auer op Commons gekuckt. Do schéngt de Problem nach net geléist ze sinn. Ech liesen dat heiten:
This media file is missing essential source information. The author and source of the file must be given, so that others can verify the copyright status. Unless the source is given, the file can be speedily deleted seven days after this template was added and the uploader was notified: (10 January 2009).
2) Firwat sollen al Fotoen net an der Rei sinn.??

Les Meloures 18:10, 10. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

  • Moien,

w.e.g. bedenken, dass wikipedia déi alleréischt säit ass bei engem google-query "Thorunn". Wat op deser säit steet, ass wichteg. zum feedback: 1)ech giff déi ugeschwaten fotoen natierlech net erem esou drasetzen. mir huele fotoen aus dem privatbesetz, déi ech wärt op commons setzen. 2)al fotoen kennen duerchaus an der rei sinn. mir beméihen eis awer hei em eng duerstellung vum thorunn déi zäitgeméiss ass an hierem image gerecht gett. déi ennescht foto as z. B. nom Thorunn senger eegener ausso image-technesch "eng katastrof". 3) dofir: w.e.g. fräisperren.

Remoien
Ech hunn elo mol e puer Feeler am Artikel verbessert. Déi gesäit de Lieser och wann en nom Googelen heihinner kucke kënnt.
Hei geet et et och net drëm fir eng sougenannten zäitgeméiss Duerstellung. Zu enger korrekter Biographie bei där dann och Fotoe stinn, gehéiert alles, dat gutt an dat schlecht. D'Wikipedia ass net do fir en Image opzepoléieren.
Mell dech wann d'Fotoen op Commons stinn an do fräigeschalt goufen. Mär hunn och e puer Photosexperten hei, déi kucken dann och emol op déi image-technesch an der Rei sinn. Duerno kucke mer weider.
Les Meloures 00:00, 13. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]
  • Léiwe Les Meloures,

a) wat ass da w.e.g eng "korrekt" foto zu enger "korrekter" biographie? eppes méi suggestives ewéi bildmaterial get et kaum. ech soe nemmen "open source". b) wann et bei wikipedia net em zäitgméiss Duerstellungen geet, dan huet wikipedia, wéi all aner online-enzyklopedie e grousse problem. Um netz ass material no 5 minuten oft scho net méi "zäitgeméiss. c) et ass bestemmt net un äre Fotosexperten fir iwert den "image" vun Eenzelpersounen ze spekuléieren. Wannt dir ierch erennert, waren mir beim copy-right. An do hut dir vollkommen recht. Déi nei Foto fir uewen lenks "Thorunn4.jpg" steet scho lang op commons. D'Foto ennen w.e.g. eraus huelen, da si mir och roueg.

Schéine Bonjour.

Da ginn ech elo mol awer op dee Saz "Déi nei Foto fir uewen lenks "Thorunn4.jpg" steet scho lang op commons" an: Da stëmmt einfach net. Firwat gëtt esou vill "einfach emol behaapt"??? Kuck et léiwer selwer op deem Link, deen hei ënnedrënner steet. --Cornischong 23:25, 15. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

Op de Commons steet net eng eenzeg Foto vun der Thorunn Egilsdottir, déi awer och nëmmen eng hallefvalabel Lizenz huet!!! ( http://commons.wikimedia.org/wiki/Special:Search?search=Thorunn+Egilsdottir&go=Go ). Dat eenzegt Bild iwwerhaapt ass dat vum Aids-Kalenner, an dat huet KENG! Firwat kuckt dann net ee vun de Fans, fir der Fra ze schreiwen a vun hir eng ze kréien??? Ass dat zevill Aarbecht?? Mer waarden. Merci am Viraus. --Cornischong 23:16, 15. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

Vun elo u ginn nëmme Bilder an den Thorunn-Artikel gesat, déi eng valabel Lizenz hunn! D'Fans si gebieden, eng Foto(oder och alt méi) bei der Fra oder hirer Agence ze froen, mat der schrëftlecher Awëllegung (!!!!) fir eng fräi Lizenz. Wiem dat zevill Aarbecht ass, soll et stoe loossen, an dann net all gudden Dag heihi souere kommen, "déi aner" sollen dat maachen. That's all Folks. --Cornischong 23:30, 15. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

Wee war dann elo schlussendlech déi IP 77.23.100.195, d'Thorunn selwer, e Fan, oder ween? Ëmmerhin hu mer zënterhier keng eng Foto méi am Artikel, et freet ee sech deemno firwat, wann d'Remarken net vum Thorunn selwer komme mee vun engem Quidam. [1] gëtt et och bei RTL, [2] an [3] gëtt et och bei Nightlife-Mag, a [4] ass nei mee et gesäit een d'Gesit net gutt drop. Wou soll do also eng "Katastroph" sinn? --Otets 23:02, 16. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]

Nodeems datt sechs Woche laang keen eppes dergéint hat, hunn ech elo mol nees zwee Promotiounsbiller dragesat. Iwwert d'Cowgirlbild (3) an d'Laachbild (4) kann ee jo nach diskutéieren. --Otets 21:14, 1. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]

Chartpositiounen erausgeholl[Quelltext änneren]

Ech hu follgend Chartpositiounen emol eraus geholl:

  • Ghost, CD-Single, 2009, Top-Ten Lëtzebuerg
  • Lovestory, CD-Single, 2008, Top-Ten Lëtzebuerg
  • The Moment in Between, CD-Single, 2006, Nr.1-Hit Lëtzebuerg
  • Bandits, CD-single, 2006, Nr.1-Hit Lëtzebuerg
  • Complicated, CD-single 2003, Nr.1-Hit Lëtzebuerg

...well et zu Lëtzebuerg guer keng offiziell Singlecharts ginn. Dat do sinn dann Positiounen aus dem Klassement vu just engem Radiosender (warscheinlech RTL). Mengen och net datt all déi Single op CD erauskomm sinn (e puer sécherlech och just Radiosingle oder online). --Bdx (Diskussioun) 13:18, 24. Jun. 2012 (UTC)[äntweren]