Diskussioun:Weeschësser
Sujet derbäisetzenE Weeschësser (med: chalazion) ass eng Entzündung vun den Sënnesorgan)|Aendeckelen. E Weeschësser manifestéiert sech haaptsächlech op dem ieweschten Aendeckel: E Weeschësser ass keng Entzündung vun den Aendeckelen; e Weeschësser heescht och net chalazion, an datt e sech op dem ieweschten Aendeckel sollt manifestéieren liest sech schonns e bësse witzeg. En Deckel huet emol eppes "Ieweschtes" u sech. manifestéiert sech haaptsächlech; a wou manifestéiert e sech dann niewesächlech. Entschëllegt mäi sarkasteschen Tounfall, mä souvill Feeler an zwéi Sätz lasszeginn, dat ass schonn aussergewéinlech. E schéinen Dag nach, wënscht d'Pierel vum Da.
- Den Ausdrock Chalazion sinn ech de Moie bei engem Aendoktor deen ech gefrot hunn gewuer ginn.
- Wann elo een et besser wees wéi en Aendokter kann en dat natierlich no Wiki-manéier an den Artikel setzen. Les Meloures 10:17, 12 Oktober 2007 (UTC)
- Gudde Moien
- Eng kleng Information zum Artikel
- Dësen Artikel gouf gëschter vun enger IP ugefaangen. De Moien hunn ech geduecht et wier gutt wa mer de wëssenschaftlechen Ausdrock dofir géife wëssen an hu bei engem Aendokter nogefrot.
- Ech krut do als Äntwert Chalazion.
- No dem Talk hei, ech hat dommerweis net éischter Zäit ewéi no 4 Auer haut de Mëtten, hunn ech den Dokter nach eng Kéier kontaktéiert, an him gesot datt hie mer de falsche medezinneschen Numm ginn hätt, un Hand vun de Kontestatiounen hei am Artikel.
- Hien huet mir doropshi konfirméiert datt hien haut de Moien effektiv e bësselche séier geäntwert hat an datt de richtegen Numm hordeolum ass.
- Ee Merci un de User:Pierel vum Da Les Meloures 14:58, 12 Oktober 2007 (UTC)
Eng Diskussioun ufänken iwwer Weeschësser
Op Diskussiounssäiten diskutéiere Leit, wéi se den Inhalt op Wikipedia sou gutt wéi méiglech gestalte kënnen. Dir kënnt dës Säit benotzen, fir eng Diskussioun mat Aneren doriwwer unzefänken, wéi een Weeschësser verbessere kann.