Op den Inhalt sprangen

Weeschësser

Vu Wikipedia
Dëse Medezinsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
E Weeschësser

E Weeschësser oder Geeschtekär a Wirel (dt. Gerstenkorn) mam wëssenschaftlechen Numm "Hordeolum", vum Latäin hordeum = Geescht, ass eng akut, eetreg Entzündung vun enger oder vun e puer Drüse vun den Aendeckelen.

Baussenzege Weeschësser

[änneren | Quelltext änneren]

Beim baussenzege Weeschësser, dem Hordeolum externum, leeft den Eeter no baussen. An deem Fall sinn d'Moll-Schweessdrüsen (glandulae ciliares conjunctivales) oder d'Zeis-Drüsen, Ënzelt-Drüsen, duerch Staphylokocken oder (wat méi seelen ass) duerch Streptokocken entzünt.

Bannenzege Weeschësser

[änneren | Quelltext änneren]

Am Fall vun engem bannenzege Weeschësser leeft den Eeter vum Tarsus aus no bannen, an d'Meibom-Drüsen (Talgdrüsen um Bord vum Aendeckel, glandulae tarsales) sinn infizéiert.

D'Symptomer vun engem Weeschësser sinn eng Entzündung déi séier optrëtt, schmäerzhaft an eetereg Schwellungen a lokal Réidungen.

 Commons: Weeschësser – Biller, Videoen oder Audiodateien