Diskussioun:Wuelmereng

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Et gouf nieft deene grousse Grouwe Laangebierg a Kraemer och nach déi kleng Minn "Eduard-Stollen". Den Agank an d'Galerie vun der d'Minn ass haut als Zort Monument gestalt, an dréit d'Joer 1903. Um Panneau virdru steet, d'Minn wier 1904 opgaang wéi Elsass-Loutrengen nach zu Däitschland gehéiert huet (wat den Numm op Däitsch erkläert), a se hätt just e puer Joer bis den Ufank vum Éischte Weltkrich geschafft. Donieft steet um Panneau, datt zu deer Zäit d'Uertschaft offiziell op Däitsch Wollmeringen geheescht hätt, an datt se eréischt 1923 (net 1920 wéi an eisem Artikel steet) d'Recht kritt hätt, sech Volmerange-les-Mines ze nennen. --Otets ♣ 09:41, 24. Sep. 2020 (UTC)[äntweren]

Net diskutéieren, mä änneren

-) --Zinneke (Diskussioun) 10:00, 24. Sep. 2020 (UTC)[äntweren]

Eben dat ass de Punkt. Wann dee Panneau ofwäicht vun der Internetsäit vun der Gemeng wat d'Joer vun der Ännerung vum Gemengennumm ugeet, da froen ech mech op dat iwwer den Eduard-Stollen net och just op ongeféier ass. Dowéinst wëll ech dat léiwer als éischt zur Diskussioun stellen ier ech et an den Artikel behaapte ginn. --Otets ♣ 12:52, 24. Sep. 2020 (UTC)[äntweren]