Diskussioun:Zowaasch

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

Komesch Saache gëtt et.

Am Artikel steet: Zowaasch läit am Dall vun der Réierbaach (fr:Crosnière). Laut der topographescher Kaart vum Lëtzebuerger Kadaster misst dat stëmmen.

Well ech mech elo e bësselche mat der Kuer an hiren Nieweflëss ameséiert hunn, hunn ech geduecht dat wier och en Niewefloss vun der Kuer. Domatter hat ech mech emol fatzeg geiert. Et ass en Niewefloss vun der Moulaine. Zu allem Iwwerfloss heescht se da bei de Fransousen och nach anescht, an zwar Ruisseau de la Côte Rouge, mat dem Code (B4010460) vum SANDRE. Si ass och esou op de belschen a franséischen topographesche Kaarten erëmzefannen. Les Meloures 21:16, 30. Abr 2008 (UTC)

eenzeg Uertschaft zu Lëtzebuerg wou d'Heemecht op franséisch gesonge gëtt[Quelltext änneren]

dat kënnt mer glunge fir, virun allem, well ech nach néierens en 'offiziellen' text vun der heemecht op franséisch gesinn hunn (Bemierkung vum Zinneke).

Well ech dee sinn, deen dat an den Artikel gesat huet, meng Meenung: Den RTL "Hei elei, kuck elei", wéi d'Sendung nach esou geheescht huet, hat eng Kéier, ech weess awer net méi wéini, e Reportage iwwer Zowaasch. Dobäi gouf dat a Bild an Toun ernimmt, mat engem Ausschnëtt aus der Houmass op Groussherzoginsgebuertsdag wou d'Heemecht op franséisch gesonge gëtt.
Ech sinn iwwerzeegt dass et eng offiziell franséisch Versioun gëtt, muss awer nach iwwerpréift ginn.
Ech hu Kontakt mat e puer "Indigènen"; ech froe mech emol ëm (kann awer eng Zäitchen daueren). --Pecalux 06:29, 11. Feb. 2011 (UTC)[äntweren]
Den Text vun der Heemecht op Franzéisch steet an "Lasauvage, le fer des nobles" erausginn vun den "Amis de l'Histoire" Déifferdang geschriwwen vu mär (Rob Fleischhauer)robcha@pt.lu [agesat vum User:Robfleischhauer,:09:53, 21. Dez. 2014‎.]

Schlass Dout vum De Saintignon[Quelltext änneren]

D'Schlass gouw vum Baron Henri d'Huart em 1750 gebaut.

De Grof de Saintignon, woar net veraarmt, wéi e gestuerwen ass. Hien huet 1920 säi Wierk zu Lonkech an d'Minièren vu Lasauvage un d'Gesellschaft Ougrée-Marihaye vu Rodange verkaaft. Well en während dem éischte Weltkrich refuséiert hat, Minette un d'"Deutsch-Luxemburgische" vun Déifferdang ze liwweren, huet déi nofollgend Gesellschaft vun der Déifferdanger Schmelz, d'HADIR der Lonkecher Gesellschaft de Prozess gemat, deen d'Compagnie de Saintignon verluer huet. Den De Saintignon selwer woar schon den 1. Januar 1921 gestuerwen.

Maginotlinn[Quelltext änneren]

Well Zowaasch dat eenzegt lëtzebuergescht Duerf war, dat nach vun de Geschëtzer vun der Maginot-Linn konnt erreecht ginn, hat d'groussherzoglech Famill sech an de Joren 1939/1940 ënner dem Haus Nummer 55 eng Kasematt ariichte gelooss.

Firwat eigentlech? Wollte se sech vun de Geschëtzer doutschéisse loossen? --81.242.182.149 09:57, 8. Jun. 2014 (UTC)[äntweren]


Hei behaapt eng IP: Et stëmmt net dass keng Kuele fond gi sinn. Dofir dann elo mol d'Fro: Sinn der da fonnt ginn. --Les Meloures (Diskussioun) 15:33, 26. Okt. 2014 (UTC)[äntweren]
Hei seet och nach een d'Schlass wier ëm 1750 vum Henri d'Huart gebaut ginn. Dat kann awer schlecht stëmmen, well dee Mann ass eréischt 1761 op d'Welt komm. --Les Meloures (Diskussioun) 15:43, 26. Okt. 2014 (UTC)[äntweren]

Vum Artikel heihinner[Quelltext änneren]

Net den de Saintignon huet d'Schlass gebaut , mä den Henri d'Huart em 1750. Et stëmmt net dass keng Kuele fond gi sinn. Et woar just net rentabel fir se z'exploitéieren. d'zowaascher Schmelz huet keng Minett verschafft mä Wisenerz. Den De Saintignon huet och nach d'Duerf Lasauvage gebaut.