Dodge Viper

Vu Wikipedia
Dodge Viper RT/10

D'Dodge Viper ass den am stäerkste motoriséierten Auto vun der amerikanescher Traditiounsmark Dodge.

1.Generatioun (1992-1998):[änneren | Quelltext änneren]

D'Viper gouf als moderne Musclecar entworf. Se war bei ville Courssen de Pace-Car, wat zum groussen Erfolleg bäigedreon huet. Den 8.0 l - V10 Motor gouf am Fong fir Camionen entwéckelt, ass awer an d'Viper agebaut ginn, a leescht 294 kW (400 PS). De V10 vun der Viper war fir d'Verhältnesser vun deemools nach ongewéinlech a ganz nei, well sou Motore bei Sportsween nach net sou verbreet waren, eréischt no an no hunn aner Marken déi Iddi opgegraff wei z. B. Lamborghini, Ferrari, BMW,...

Technesch Daten:[änneren | Quelltext änneren]

  • Motor: V10
  • Buerung/Hub: 101,6 mm x 98,6 mm
  • Hubraum: 7994 cm³
  • Leeschtung: 294 kW (400 PS)
  • Kraaftiwwerdroung: Sechsgang-Schaltgedriww, hannen ugedriww
  • Ophängung: Eenzelradophängung vir, mat Schrauwefiederen; Hanneradophängung: Starrachs
  • Bremsen: Scheiwebremsen
  • Karosserie: Glasfiberopbau (Roadster zweesëtzeg)
  • Héchstvitesse: 264 km/h

3.Generatioun (2003-):[änneren | Quelltext änneren]

2003 gouf d'Viper SRT-10 mat engem 8,3 l Motor entwéckelt. Si huet elo eng Leeschtung vun 375 kW (510 PS) an eng Héchstgeschwindegkeet vun 305 km/h. De Verbrauch läit bei bis zu 30 Liter pro 100 km. D'Viper gouf als éischt als Cabrio ugebueden, 2006 koum de Coupé eréischt eraus. De Basispräis läit zu Lëtzebuerg bei 105.000 Euro, an den USA kritt ee se fir 83.000 Dollar.

Am Summer 2007 koum eng iwwerschafft Versioun eraus déi wéinst besserer Ventilsteierung elo 600 PS entwéckele kann. Iwwerdeems gëtt d'Karosserie och iwwerschafft an optiméiert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Dodge Viper – Biller, Videoen oder Audiodateien