Audouin Dollfus

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Dollfus Audouin)
Audouin Dollfus
Gebuer 12. November 1924
Paräis
Gestuerwen 1. Oktober 2010
Versailles
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Universitéit vu Paräis
Aktivitéit Astronom, Physiker

Den Audouin Charles Dollfus, gebuer den 12. November 1924 a gestuerwen den 1. Oktober 2010[1]) war e franséischen Astronom.

Am Joer 1966 hat den Dollfus de Saturnmound Janus entdeckt, e klenge bannenzege Mound vum Saturn. Hien hat de Mound bei enger Observatioun vun de Saturnréng entdeckt, wéi déi vun der Äerd aus op d'Kant ze gesi waren a sou bal onsiichtbar waren. Wärend där Zäit hat hie bestëmmt och den Epimetheus observéiert, ee méi klenge Mound, deen de selwechten Orbit wéi de Janus huet. Den Dollfus hat awer net erkannt, datt et sech hei ëm zwéin ënnerschiddlech Objete gehandelt huet. Dofir gëllt de Richard L. Walker als Entdecker vum Epimetheus.

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

Den Asteroid (2451) Dollfus gouf no him genannt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. (fr) Le dernier vol d'Audouin Dollfus