Paul Benoit

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Dom Paul Benoit)
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den Dom Paul Benoit OSB, gebuer als Paul Marie Joseph Benoit den 9. Dezember 1893 zu Nanzeg (Frankräich) a gestuerwen den 10. Abrëll 1979 zu Klierf, war e Benediktinerpater, Organist a Komponist fir Uergel.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

De Paul Benoit gëtt den 9. Dezember 1893 zu Nanzeg gebuer.

Während dem Éischte Weltkrich wiisst seng Entscheedung, de Wee vum Uerdensmann anzeschloen. Nom Armistice vun 1918 mécht en eng Retraite an der Abtei St-Maurice et St-Maur zu Klierf an trëtt kuerz drop do an. 1921 mécht e seng Profess an 1926 gëtt en zum Priister geweit. Vun do u gëtt en Dom Paul Benoit genannt.[1]

Scho mat siwe Joer kënnt e mat der Musek a Kontakt, wéi e Pianosstonne vu senger Mamm krut. Duerno kritt en Uergelcourse bei der Joffer Hess zu Nanzeg. No senger Priisterwei, vun 1926 bis 1931, studéiert hien Uergel beim Albert Leblanc, deemolegen Organist vun der Kathedral vu Lëtzebuerg, a virun allem beim Augustin Pierson (deem säi Brudder och Pater zu Klierf war), deemools Organist vun der Kathedral St. Louis vu Versailles, wou e virun allem un de J. S. Bach an un de Louis Vierne erugefouert gëtt. Gläichzäiteg gëtt hie selwer Uergelcourse fir d'Organisten aus der Klierfer Géigend. Säin éischte Schüler war de Marcel Bartholmé, laangjäregen Organist vun der Parkierch vu Klierf.

1931 gëtt hien a senger Abtei zum Titularorganist vun der Mutin-Cavaillé-Coll-Uergel ernannt, well säi Virgänger, aus gesondheetleche Grënn, dee Service net méi konnt assuréieren. Dat ass och de Moment, wou de Benoit, op Urode vu sengem Entourage, ufänkt fir Uergel ze komponéieren. Hien inspiréiert sech, no eegenen Aussoen, beim J. S. Bach (kontrapunktesche Stil), beim Louis Vierne (chromatesch Harmonien), beim Claude Debussy (Rhythmik), beim Maurice Ravel (Chromatik), mä haaptsächlech awer bei de gregorianesche Choräl a bei der Liturgie allgemeng, déi hien dagdeeglech a senger Abtei erlieft an déi ëmmer d'Basis vu sengem Komponéieren an d'Haaptquell vu senger Inspiratioun bleiwen. Dem Benoit säi Kompositiounsstil kann als melodesch-pentatonesch bezeechent ginn. Hie benotzt geschéckt Nonen, Undezimen an Tredezimen. De Mouvement vun der Melodie gëtt gär géint gehalen Akkorde gesat. Seng Stécker wierken transparent, ni pompéis oder iwwerlueden, a schéngen an deene méi rouege Passage bal mystesch entréckt. Op Urode vu sengem Spiritual benotzt de Benoit déi deeglech Gebietszäit a senger Zell fir ze komponéieren, well hien doran am beschte Gott konnt begéinen. Sou komponéiert hien, eegenen Aussoen no, och just fir Gott. Dozou passt datt hien a sengem ganze Liewe keen eenzege Concert ginn huet.

Am Joer 1945 léiert en de Pater Georges Chopiney kennen, dee säin Adjoint op der Uergel an och säi Frënd gëtt. Dësen ënnersträicht an engem Noruff, datt de Benoit net just musikalesch a liturgesch intresséiert ass, mä doriwwer eraus eng grouss Léift zur Déieren- a Planzewelt huet, gär an de Bësch geet fir Champignonen ze sammelen oder Déieren z'observéieren (Vigel, mä och Päiperleken a souguer Insekten), mat enger spezieller Virléift fir suppeg Gebidder, an och eng kleng Meteosstatioun bedreift.

Charakterlech war de Benoit, dem Chopiney no, eng komplex Perséinlechkeet. Engersäits war hien e ganz scheien, sensibelen an ängschtleche Mënsch, deen e grousst Bedürfnis no Unerkennung hat, awer gläichzäiteg Schwieregkeeten hat, mat anere Leit a Bezéiung ze trieden an hinne Vertrauen ze schenken. Gläichzäiteg konnt hien awer heiansdo relativ jalous an dominant oder souguer autoritär optrieden, obwuel hien eigentlech zudéifst bescheide war. Doriwwer eraus hat hien eng sentimental Oder, mat enger gewëssener kandhafter Naivitéit a Begeeschterungsfäegkeet. De Chopiney schléisst mat de Wierder: "En définitive, Dom Benoit ne fut jamais rien d'autre qu'un enfant. [...] Il avait une âme d'enfant, limpide, naïve et candide" [2].

De Paul Benoit stierft den 10. Abrëll 1979 zu Klierf an hannerléisst e grousst Uergelwierk, dat eréischt zum Deel verëffentlecht ass [3].

Wierk[änneren | Quelltext änneren]

  • PB 01 - Elévations pour les Messes IX-X-XI (Combre, Paris)[4]
  • PB 02 - Elévations pour la Messe XI (Combre, Paris)
  • PB 05 - 2 Fantaisies pour orgue (Combre, Paris)
  • PB 08 - 50 Élévations (CPP/Belwin, Miami/London)[5]
  • PB 09 - Diptyque en l'honneur de Ste Thérèse (Combre, Paris)
  • PB 11 - 7 pièces pour harmonium ou orgue (Combre, Paris)
  • PB 15 - 60 Pièces dévotionelles (CPP/Belwin, Miami/London)
  • PB 21 - Versets du Magnificat (Art Sacré, Klierf)[6]
  • PB 22 - Pièces d'orgue pour l'année liturgique (Art Sacré, Klierf) - Neioplag vun:
    • PB 03 - Au soir de l'Ascension du Seigneur (Fisher & Bro. 7934, 1943)
    • PB 04 - Noël basque (Fisher & Bros. 7961, 1943)
    • PB 06 - 10 petites fugues sur des themes liturgiques (Société anonyne Nancy)
    • PB 10 - 4 préludes pour grand orgue (Fisher & Bro. 8509)
    • PB 12 - Pièces d'orgue (Fisher & Bro. 8774)
    • PB 16 - Esquisses liturgiques (Fisher & Bro. 9517)
    • PB 17 - Triptyque pour orgue (pro defunctis)
  • PB 23 - (Art Sacré, Klierf) - Neioplag vun:
    • PB 07 - Suite liturgique pour Pâques (Fisher & Bro. 8362, 8455, 8359, 8360)
    • PB 19 - Toccata sur "Ite Missa est" VIII
    • PB 20 - Offertoire sur la Séquence "Te Johannes"
  • PB 24 - (Art Sacré, Klierf) - Neioplag vun:
    • PB 13 - Le Chant intérieur (Fisher & Bro. 8841)
    • PB 14 - 41 Élévations (Fisher & Bro. 8984)
    • PB 18 - Ode pour la paix, pour grand orgue (Fisher & Bro. 9286)
  • PB 25 - Noël original avec 6 variations (Art Sacré, Klierf)
  • PB 26 - Nativité et Pâques à l'Abbaye de Clervaux (Art Sacré, Klierf)
  • PB 27 - Consolatrix Afflictorum (Art Sacré, Klierf, ISBN 2-87996-850-X)
  • PB 28 - Livre d'Orgue "Anniversaires 2009" (Art Sacré, Klierf)

Dobäi ass ze bemierken, datt e groussen Deel vu senge Stécker (nach) guer net publizéiert ass.

Diskographie[änneren | Quelltext änneren]

  • "Année liturgique" (LP, opgeholl vum Albert Leblanc, Luxembourg Sound LS 30 721, zur Geleeënheet vum Benoit senger Gëllener Uerdensproff 1974/1975)
  • "Pâques, Le Chant Intérieur" (CD, opgeholl vum Carlo Hommel, 1991, K617 France, K6170201991; och nach eng Kéier am Coffret "Carlo Hommel" vun 2006, K617CARLO1-4)
  • "Nativité et Pâques" (Duebel-CD, opgeholl zu Clerf vum Carlo Hommel, 2000, K617 France)
  • "Consolatrix Afflictorum" (CD, opgeholl vum Gérard Close, 2007, Art Sacré, RCB01042007)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Dom ass den traditionellen Titel dee Benediktinerpateren no hirer Profess kréien. Deen Numm geet zréck op d'laténgescht dominus, dat Meeschter bedeit. Et war den Titel, mat deem se vun hire Studenten ugeriet goufen.
  2. cf. Dom Georges Chopiney, "Dom Benoit tel que je l'ai connu et aimé", o.J.
  3. Fir dee ganzen Abschnitt cf. d'Broschür: "Commémoration du centenaire de la naissance de Dom Paul Benoit OSB, 26.9.1993, 26 S. an den Artikel vum Luc Deitz am Booklet vun der CD "Consolatrix Afflictorum" (cf. Diskographie)
  4. http://www.editions-combre.com/
  5. http://www.mpa.org/music-publisher/3133/
  6. Abbaye de Clervaux, L-9737 Clervaux