Dominique Meis

Vu Wikipedia
Dominique Meis
Gestuerwen 13. Januar 1996
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker

Den Dominique Meis och nach Demy Meis, gestuerwen den 13. Januar 1996, war e lëtzebuergesche Stolaarbechter a Politiker[1] (KPL).

Hie gouf bei de Chamberwale vum 7. Juni 1964 fir d'éischt als Deputéierten aus dem Südbezierk an d'Chamber gewielt. Bei de Chamberwale vum 15. Dezember 1968 a bei de Chamberwale vum 26. Mee 1974 gouf hien erëmgewielt a hien huet säi Mandat bis 1979 ausgeféiert.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Noruff fir den Dominique Meis an der 22. Sëtzung vum Parlamentsjoer 1995 den 23. januar 1996