Donald E. Knuth

Vu Wikipedia
Donald E. Knuth
Gebuer 10. Januar 1938
Milwaukee
Nationalitéit USA
Educatioun Case Western Reserve University,
California Institute of Technology
Aktivitéit Mathematiker, Informatiker, Mathematikhistoriker, Schrëftsteller, Programméierer, Universitéitsprofesser, Ingenieur, Akademiker
Member vun Académie des sciences, Norwegesch Akademie vun de Wëssenschaften, National Academy of Sciences, American Academy of Arts and Sciences, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, Bayeresch Wëssenschaftsakademie, National Academy of Engineering, American Philosophical Society, Royal Society

Den Donald Ervin Knuth, gebuer den 10. Januar 1938) ass emeritéierte Professer fir Informatik op der Stanford Universitéit. Hien ass beschtens bekannt als Auteur fir The Art of Computer Programming, eng vun de wichtegste Referenzen am Beräich vun der Informatik an als den Entwéckler vun TeX a METAFONT, engem dréckréifem Textsazsystem, dat besonnesch am akadeemesche Beräich ganz beléift ass. Hien huet de Begrëff literate programming, d'Opfaassung Computerprogramme mat der selwechter Fleeg wéi ee literareschen Text ze verfaassen, agefouert.

Gebuer zu Milwaukee, Wisconsin, huet den Donald Knuth 1960 säin Diplom a Mathematik krut. Dräi Joer méi spéit mécht hie säin Doktorat um California Institute of Technology, wou hien als Professer ugefaangen huet ze schaffen. 1968 huet hien den éischte Band vu sengem ursprénglech siwebännege geplangte Wierk The Art of Computer Programming publizéiert an ass dat selwecht Joer Professer op der Stanford-Universitéit ginn. 1990 ass hien als Professor of the Art of Computer Programming ernannt ginn an huet sech zwee Joer drop vun der aktiver Fuerschung a Léier zeréckgezunn, fir u weidere Bänn vu sengem Wierk ze schaffen. Vun de siwe Bänn sinn der bis haut dräi komplett verfügbar, an den éischten Deel vum véierten.

Den Donald Knuth huet eng Rei vun Auszeechnunge kritt, ënner anerem 1971 als éischten den ACM Grace Murray Hopper Award, 1974 den Turing-Präis, 1979 d'National Medal of Science, 1995 d'John von Neumann Médaille an 1996 de Kyoto-Präis.

Zitater[änneren | Quelltext änneren]

"Ich will hier niemandem zu nahe treten, aber ich bin ein großer Fan der Open-Source-Bewegung. Es beeindruckt mich, dass hier tausende von Leuten wirklich gute Arbeit leisten. Jeden Tag passieren zehn Kleinigkeiten, und nach einem Jahr ergibt das massive Fortschritte." (aus der c't 5/2002)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Donald Ervin Knuth – Biller, Videoen oder Audiodateien