Douro

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Baseng vum Douro
Am ieweschte Laf bei Salduero

Den Douro [ˈdoɾu], op (Spuenesch Duero ['dweɾo]) ass, mat ronn 897 Kilometer, deen drëttlängste Floss op der iberescher Hallefinsel. En huet seng Quell an de Picos de Urbión, an der spuenescher Provënz Soria, leeft duerch Nordspuenien an Nordportugal a mënt bei Porto an den Atlanteschen Ozean.

Aner Stied op sengem Wee sinn, a Spuenien, Soria, Almazán, Aranda de Duero, Tordesillas a Zamora, all an der Provënz Kastilien a Leon. Op enger Längt vun 112 km Länge mécht en dann d'Grenz tëscht Spuenien a Portugal, do si seng Uwänner Deel vum Naturpark Arribes del Duero an Douro Internacional. Vun do u leeft en 213 km duerch Portugal, wou en d'Stied Miranda do Douro, Pinhão (Alijó) a Peso da Régua passéiert, an och d'Wäibaugebitt Alto Douro, wou d'Drauwe vum Porto ugebaut ginn. Bei der Stad Porto (am Norden) a Vila Nova de Gaia (am Süden) schëtt e sech an den Atlantik.

Nieweflëss[änneren | Quelltext änneren]

Déi wichtegst riets Nieweflëss sin a Spuenien den Esla, de Valderaduey an de Pisuerga, an a Portugal den Tâmega, deen aus Galicien kënntm den Tua an de Corgo. Vu lénks kommen den Águeda, de Yeltes an den Tormes.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

An der Antikitéit huet den Douro Durius; Numantia war déi bedeitendst Stad u sengen Uwänner.

An der fréier Phas vun der Reconquista bis ongféier der Opléisung vum Kalifat vu Córdoba (1031) huet den Douro d'Grenzgebitt tëscht dem chrëschtlechen Norde vu Spuenien (Kinnekräich Asturien/Kinnekräich León) an al-Andalus am Süden. Bis haut sinn nach e puer mauresch Waachtierm (atalaya genannt) erhalen.

Den Douro gëtt haut eng 15 Mol gestaut, fir mam Waasser Stroumkraaftwierker ze bedreiwen.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

thumbDen Douro vun der Quell bis bei d'Mëdung

Weblinks[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Douro River – Biller, Videoen oder Audiodateien