Draach (Harry Potter)

Vu Wikipedia

Draachen an den Harry-Potter-Romaner si Fabeldéieren, déi als onbesiegbar gëllen, a sinn e Symbol fir Muecht. An der vun der Schrëftstellerin Joanne K. Rowling erfonnter Magescher Welt gehéieren Draachen zu de geféierlechsten Déieren, déi et gëtt.

Zorten an Ausgesinn[änneren | Quelltext änneren]

Op der Hexemeeschterconventioun vu 1709 gouf en Handelsverbuet fir Draachen agefouert. Et gëtt zéng rengrasseg Draachenzorten déi sech geleeëntlech ënnerenee kräizen a rar Baaschterte kréien. Déi englesch Originalnimm vun deenen zéng Rasse sinn:

  • Antipodean Opaleye (de: Antipodisches Opalauge; fr: Opalœil des antipodes)
  • Chinese (de: Fireball Chinesischer Feuerball; fr: Boutefeu chinois)
  • Common Welsh Green (de: Gemeiner Walisischer Grünling; fr: Vert gallois)
  • Hebridean Black (de: Schwarzer Hebride; fr: Noir des Hébrides)
  • Hungarian Horntail (de: Ungarischer Hornschwanz; fr: Magyar à pointes)
  • Norwegian Ridgeback (de: Norwegischer Stachelbuckel; fr: Norvégien à crête)
  • Peruvian Vipertooth (de: Peruanischer Viperzahn; fr: Dent-de-vipère du Pérou)
  • Romanian Longhorn (de: Rumänisches Langhorn; fr: Cornelongue roumain)
  • Swedish Short-Snout (de: Schwedischer Kurzschnäuzler; fr: Suédois à museau court)
  • Ukrainian Ironbelly (de: Ukrainischer Eisenbauch; fr: Pansedefer ukrainien)

De Common Welsh Green ass e gewéinlechen Hausdraach. Et ass deen am mannste geféierleche vun den Draachen. E ka vu klengem un opgezillt ginn, awer hie gesäit séi Meeschter net als Leetdéier, mä éischter als Oppassert.

Draachen a Muggelen[änneren | Quelltext änneren]

Nëmme well d'Draache virun de Muggelen (Mënschen ouni magesch Fäegkeete) verstoppt sinn, ass de magesche Mënschen an tëschenzäit gelongen, fir d'Muggelen d'Existenz vun Draachen an d'Räich vun de Fabelen ze verbannen. Fir sécher ze sinn, datt d'Muggelen kengem Draach begéinen, goufen a verschiddene Länner Draachereservater ageriicht, an deene si liewen an wou opgepasst gëtt, dat d'Draachen och do bleiwen. Wann dat trotzdeem eng Kéier geschitt, da gëtt dem Muggel seng Errënnerung doru mat Hëllef vun engem Gedächtniszauber geläscht.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]