Draach (Mythologie)

Vu Wikipedia
Muschchuschu-Draach ëm 580 v. Chr. Pergamonmusée, Ischtarpaart, Berlin, Museumsinsel

En Draach (gr. Drákon, lat. Draco) ass en anert Wuert fir dat germanescht Wuert "Wuerm", e phantastescht Ongeheier wat a ville Kulturen eng Roll gespillt huet, an entweeder positiv oder negativ besat war.

Duerstellungen an Interpretatiounen[änneren | Quelltext änneren]

D'Draache si Mëschwiesen a gi meeschtens duergestallt mat Kierperdeeler vun enger Echs, enger Schlaang, enger Fliedermaus (respektiv engem Fluchsaurier), heiansdo och engem Léiw.

Den Draach kann och als Verkierperung vun de véier Elementer ugesi ginn:

  • d'Äerd, well d'Draache meeschtens an Hiele liewen
  • d'Loft, well se fléie kënnen
  • d'Feier, duerch d'Feier späizen
  • d'Waasser, representéiert duerch d'Schuppen

Draachen an der westlecher Kultur[änneren | Quelltext änneren]

Geschichten an Duerstellunge vun Draache si méi al wéi all dat wat mer haut an der westlecher Kultur kennen. D'Bild vum westlechen Draach gëtt dacks mat beaflosst vun Duerstellungen aus Mesopotamien oder Egypten. Och d'Draachebild aus der germanescher Mythologie soll vum réimesche Räich beaflosst sinn.

Draachen an der ëstlecher Kultur[änneren | Quelltext änneren]

Griichesch Mythologie[änneren | Quelltext änneren]

  • Den Apollo: géint de Python, fir him d'Orakel vun Delphi ofzehuelen;
  • Den Herakles: éischtens géint d'Hydra, zweetens géint de Ladon, deen d'gëllen Äppel vun den Hesperide bewaacht huet, vun deenen den Herakles der sollt 2 dem Eurystheus matbréngen;
  • De Iason: fir d'Gëlle Vlies ze kréie wat vun engem Draach bewaacht ginn ass;
  • De Kadmos: fir un eng vum Draach bewaachte Quell ze kommen (well e Waasser fir en Affer gebraucht huet); d'Draachenzänn huet de Kadmos an d'Äerd gestach, an doraus sinn dunn Zaldote gewuess déi sou laang gekämpft hu bis der nëmme nach 5 Rescht ware mat deenen de Kadmos dunn Theben gegrënnt huet.
  • De Perseus: géint e Séidraach deem d'Andromeda sollt geaffert ginn;
  • Den Zeus: géint de Thyphon, en Draach dee vum Gaia geschaf gi war fir den Ënnergang vun hire Kanner, den Titanen ze rächen;
  • De Ladon

Chrëschtentum[änneren | Quelltext änneren]

Den Draach an der Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Wëssenschaft[änneren | Quelltext änneren]

  • Bandini, Ditte und Giovanni: Das Drachenbuch. Marixverlag 2005 ISBN 3-86539-023-4
  • Cabral,Ciruelo und Sant,Montse: Das Buch der Drachen.Weltbild Buchverlag,München 1994 ISBN 3-89350-734-5
  • Gebhardt, Harald und Ludwig, Mario: Von Drachen, Yetis und Vampiren - Fabeltieren auf der Spur. BLV-Verlag, München, 2005 ISBN 3-405-16679-9
  • Müller, Ulrich und Wunderlich, Werner: Dämonen, Monster, Fabelwesen. Mittelaltermythen Band 2, St. Gallen 1999 ISBN 3-908701-04-X
  • Probst, Ernst: Monstern auf der Spur. Wie die Sagen über Drachen, Riesen und Einhörner entstanden, Mainz-Kostheim 2001 ISBN 3-935718-07-1
  • Steckner, Cornelius: Phantastische Belege oder phantastische Lebensräume? Fabelwesen in frühneuzeitlichen Naturalienkabinetten und Museen. In: Schmutz H.-K.: Phantastische Lebensräume, Phantome und Phantasmen. Basilisken-Presse: Marburg a/Lahn 1997, S. 33-76. ISBN 3-925347-45-3

Den Draach am Film[änneren | Quelltext änneren]

Kanner- an Zeechentrickfilmer[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Draachen (Mythologie) – Biller, Videoen oder Audiodateien