Op den Inhalt sprangen

Drakon

Vu Wikipedia

Den Drakon (gr.: Δράκων / Drákôn), gebuer ëm 650 v. Chr., war en athenesche Legislateur am 7. Joerhonnert v. Chr. aus der Famill vun den Eupatriden.

Am Joer 621 huet hie seng Gesetzer opgeschriwwen, wéi hien eponymen Archont vun der Polis Athen war. Dës θεσμόι / thesmoi sollen déi éischt konstitutionell Gesetzer vun Athen gewiescht sinn. Fir datt och keen dës nei Gesetzer ignoréiere konnt, goufe si op hëlze Panneauen (άξονες), déi sech bal zwee Joerhonnerte laang gehalen hunn, opgehaangen.

Duerch den Drakon koum et zu zwou wichtegen Erneierungen am atheneschen Droit:

  • Den Droit gouf vun elo uns niddergeschriwwen, an affichéiert, soudatt jiddwereen d'Gesetzer kannt huet. Virdru goufen d'Gesetzer duerch eng oral Traditioun weiderginn, an nëmme vu Wéinegen interpretéiert.
  • D'Gesetz zum Homizid huet tëscht Muerd, dee gewollt war, an Homizid, deen ongewollt war, ënnerscheet.

Et bleiwen allerdéngs Zweiwelen un dëser éischter Constitutioun. Sou soll d'Bild vum Auteur duerch reaktionär Politiker um Enn vum 5. Joerhonnert entstane stinn. De Solon huet um Ufank vum 4. Joerhonnert nëmmen d'Gesetz zum Homizid bäibehalen, wat och an der demokratescher Reaktioun vu 409 nees ervirgehuewe ginn ass, als Symbol fir d'Traditioun an déi al Valeuren.

Der Souda no, war den Drakon en ale Mann. Säi Gesetzeskorpus huet sech virun allem doran, vun den anere Gesetzer ënnerscheet, well en zimmlech haart war. Och de klengsten Déif gouf mam Doud bestrooft. Den Orator Demades huet am 2. Joerhonnert gemierkt, datt déi Gesetzer mat Blutt geschriwwe waren, an net mat Tënt. Nëmmen e puer Verbrieche goufen net mam Doud bestrooft. Sou gouf zum Beispill de Versuch, dës Gesetzer z'änneren, nëmme mam Verloscht vun de biergerleche Rechter bestrooft. Der Souda no war d'Bevëlkerung guer net begeeschtert, an den Drakon huet sech missen op Aigina zeréckzéien, wou hie gestuerwen ass, wéi d'Leit am Theater hir Mäntel op hie gehäit hunn.

11 vun de Gestzer goufen zu Lyon 1588 ënner dem Titel Jurisprudentia vetus Draconis, Pardulpho Prateio collectoreac interprète erausbruecht.

Et schéngt haut allerdéngs, wéi wann d'Constitutioun vum Drakon, sou wéi se am Athénaîon Politeia ze liesen ass, apokryphesch wier.

Duerch seng streng Gesetzer koum et zum Adjektiv drakonesch.

Literatur zum Theema

[änneren | Quelltext änneren]
Hellenopedia – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer Griicheland an der Antiquitéit.

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  • E. Ruschenbush, Historia, IX, 1960, S. 129-154.