Dreckskëscht

Vu Wikipedia
En ëffentlechen Drecksbac

Eng Dreckskëscht, och nach Dreckseemer, Drecksbac oder Poubelle genannt, ass e Behälter, an deem den Offall an Dreck temporär gesammelt gëtt bis en anzwousch anescht entsuergt gëtt. Eng Dreckskëscht ass éischter kleng a fënnt een dacks an der Wunneng, am Haus oder am Park. En Dreckskiwwel ass méi grouss a robust a steet meescht baussent engem Gebai oder am Keller. Doran mécht een d'Dreckskëscht eidel, wa se voll ass, éier den Dreckskiwwel selwer an den Dreckswon eidel gemaach gëtt.

Et gëtt verschidden Zorte vun Dreckseemeren. Déi eng hunn eng Pedall, op déi een trëppele muss fir datt den Deckel opgeet, anerer hu guer keen Deckel. Am Alldag gi Poubelle mat Pedalle meescht an der Kichen oder am Buedzëmmer benotzt, fir datt een den Deckel net mat der Hand muss upaken.

D'Poubelle ass nom Eugène Poubelle benannt, dee Préfet vum Departement Seine war an dee per Dekreet (vum 24. November 1883 a vum 7. Mäerz 1884) d'Paräiser Hausproprietairen obligéiert huet, hire Locatairen e Behälter zur Verfügung ze stellen, an deem se den Offall vum Stot kënne geheien.[1]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Dreckskëschten – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. planete-echo.com: Histoire des déchets parisiens: de Lutèce à la révolution industrielle