Eugène Poubelle

Vu Wikipedia
Eugène Poubelle
Gebuer 15. Abrëll 1831
Caen
Gestuerwen 15. Juli 1907
Paräis
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Jurist, Diplomat, Universitéitsprofesser, Héije Fonctionnaire

Den Eugène René Poubelle, gebuer de 15. Abrëll 1831 zu Caen, a gestuerwen de 15. Juli 1907 zu Paräis, war e franséische Jurist, Héije Beamten an Diplomat.

Säi Familljennumm ass op Franséisch de Synonym fir Dreckskëscht ginn.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Poubelle huet Droit studéiert an dee Studium mat enger Promotioun ofgeschloss. Dono huet hien op den Universitéite vu Caen, Grenoble an Toulouse Coursë gehalen.[1] Am Abrëll 1871 gouf e vum Adolphe Thiers zum Préfet vum Departement Charente ernannt. Méi spéit gouf hie Préfet vun den Departementer Isère, Corse, Doubs a Seine. D'Departement Seine bestoung deemools aus der Stad Paräis an hirer Banlieue.

Fir déi hygienesch Verhältnesser zu Paräis ze verbesseren, huet de Poubelle de 24. November 1883 en Dekreet publizéiert, deen d'Proprietäre vun Haiser verflicht huet, hire Locatairë Behälteren, déi een zoumaache kann, zur Dispositioun ze stellen. An deene Behältere sollten d'Locatairen de Knascht aus hirem Stot versuergen, éier en agesammelt gouf. Glas, Schierbele vu Parzeläin a Schuele vun Austeren hu misse getrennt gesammelt ginn.

Dësen Dekreet ass am Ufank op Widderstand bei der Paräisser Bevëlkerung gestouss. Den 22. Februar 1884 huet de Gemengerot vu Paräis Positioun dozou geholl an de Poubelle gefrot, säin Text eng Grëtz z'änneren.[2] De 7. Mäerz 1884 huet de Poubelle den definitiven Dekreet ënnerschriwwen. 1894 huet hien e weideren Dekreet erlooss, deen d'Hygiène verbessere sollt, nämlech, datt Hausproprietairen dozou verflicht goufen, hir Gebaier un d'Kanalisatioun unzeschléissen.

Vun 1896 bis 1898 war de Poubelle franséischen Ambassadeur beim Hellege Stull. Seng Pensioun huet hien am Departement Aude verbruecht, wou seng Fra Gabrielle Lades-Gout hierkoum. Hie gouf no sengem Doud, 1907, zu Carcassonne begruewen.[3]

Nowierkung[änneren | Quelltext änneren]

Den Numm Poubelle ass am Franséischen zum gebräichleche Wuert fir "Dreckskëscht" ginn. Schonn de 16. Januar 1884 goung an engem Artikel am Figaro vun enger boîte Poubelle Rieds. 1890 gouf d'Wuert poubelle an d'Enzyklopedie Grand Dictionnaire universel du XIXe siècle opgeholl.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Eugène Poubelle – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Le préfet Poubelle est un Caennais". In Caen Magazine. Mairie de Caen, Nr 50, novembre-décembre 2001.
  2. Histoire des déchets de Lutèce à Paris, le préfet Eugène Poubelle, l'inventeur de la poubelle, Planète Écho.
  3. wayback=20120527150956