Droit de remontrance

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den Droit de remontrance (Remonstranzrecht) war d'Recht vun de franséische Parlamenter am Ancien Régime, zu den Edikter a Gesetzer vun der Monarchie hir Meenung ze soen, a sech ze beschwéieren.

D'Remonstanzrecht war fir Parlamenter eng néideg Konsequenz vun hirem Recht, Edikter an Deklaratiounen z'enregistréieren. Well d'Parlamenter sou natierlech d'kinneklech Politik blockéiere konnten, wann hinnen en Edikt oder e Gesetz net gefall huet, hunn d'Monarchen ëmmer nees versicht, dëst Recht z'ëmgoen, och wann si et net ofschafe konnten.

Duerch den Droit de remontrance haten d'Parlamenter net nëmmen eng technesch Opsiicht iwwer déi nei Texter, mä konnten dem Kinnek och weisen, wat un den Texter hirer Meenung no net gestëmmt huet.

Literatur zum Thema[änneren | Quelltext änneren]

  • Lucien Bély, Dictionnaire de l'Ancien Régime, PUF, Paräis, 1996. (ISBN 2-12-052512-1)
  • Marcel Marion, Dictionnaire des institutions de la France aux XVIIe-XVIIIe siècles, Picard, Paräis, 1999. (ISBN 2-7084-0572-1)