Dyna-Soar

Vu Wikipedia
Kënschtleresch Illustratioun vum Dyna-Soar beim Neesantrëtt
USAF-Mockup vum X-20 Dyna-Soar
Virschléi vun enger Drorakéit fur d'Dyna-Soar
Kënschtleresch Illustratioun vum Dyna-Soar op enger Titan-II-Rakéit

Dyna-Soar och X-20 (ofgeleet vun dynamic soaring dynamesche Seegelfluch, ausgeschwat wéi dinosaur Dinosaurier) war e Projet vun der US Air Force (USAF) mam Zil, e Raumseegler z'entwéckelen, dee souwuel als Opklärer a Bomber wéi och fir Rettungsaktiounen am All, Satellittefleg a Sabotage vu feindleche Satellitten hätt kënne benotzt ginn. Den 10,77 Meter laange an 6,34 Meter breede Fluchkierper sollt mat engem Mann besat sinn. Als Drorakéit fir orbital Flich war eng Titan III virgesinn. D'Drorakéit sollt de Raumseegler op 160 km Héicht transportéieren.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De Projet hat am Joer 1957 ugefaangen a war an dräi Etappe geplangt, e Rettungsseegler (Dyna-Soar I), e Opklärungsseegler (Dyna-Soar II) an e strategesche Bomber (Dyna-Soar III). Déi éischt Seegelflich fir d'Dyna-Soar I sollten 1963 gemaach ginn, de strategesche Bomber Dyna-Soar III sollt 1974 voll funktiounsfäeg sinn. De Projet gouf 1963, nodeem e 660 Milliounen US-Dollar kascht hat, ofgebrach, well all Raumfaartkapazitéiten am Moundlandeprogramm zesummegefouert sollte ginn. D'US Air Force huet doropshi mam Manned Orbiting Laboratory (MOL) ugefaangen. D'Resultater vum Programm sinn an den 1970er an de Space-Shuttle-Programm agefloss.

Astronauten[änneren | Quelltext änneren]

Am Ganze waren aacht Astronaute fir den X-20 Projet virgesinn.

Den Armstrong gouf an den NASA-Astronauteprogramm integréiert, den A. Crews koum an de MOL-Projet, an den Dana, de Knight an den Thompson koumen an den X-15-Projet.

Geplangt Dyna-Soar-I-Flich[änneren | Quelltext änneren]

  • Dyna-Soar 1 – Januar 1966, onbemannt
  • Dyna-Soar 2 – Abrëll 1966, onbemannt
  • Dyna-Soar 3 – Juli 1966, 1 Äerdëmkreesung, 1 Astronaut: James Wood
  • Dyna-Soar 4 – Oktober 1966, 1 Äerdëmkreesung, 1 Astronaut
  • Dyna-Soar 5 – Mäerz 1967, 1 Äerdëmkreesung, 1 Astronaut
  • Dyna-Soar 6 – Mee 1967, 1 Äerdëmkreesung, 1 Astronaut
  • Dyna-Soar 7 – Juli 1967, 1 Äerdëmkreesung, 1 Astronaut
  • Dyna-Soar 8 – September 1967, 1 Äerdëmkreesung, 1 Astronaut
  • Dyna-Soar 9 – Dezember 1967, ettlech Äerdëmkreesunge, 1 Astronaut
  • Dyna-Soar 10 – Mäerz 1968, ettlech Äerdëmkreesunge, 1 Astronaut

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Robert Godwin (Hrsg.): Dyna-Soar: Hypersonic Strategic Weapons System. Apogee Books, Burlington (Ontario) 2003, ISBN 1-896522-95-5.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Dyna-Soar – Biller, Videoen oder Audiodateien