Op den Inhalt sprangen

Düsseldorf

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Däitschland ass eréischt eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Düsseldorf
Land Däitschland
Bundesland Nordrhein-Westfalen
Regierungsbezierk Düsseldorf
Krees Kreesfräi Stad
Buergermeeschter Stephan Keller
Awunner 629.047 (31. Dezember 2022)
Fläch 217 km²
Héicht 38
Koordinaten 51°13'52,12"N, 6°46'20,57"O
Telefonszon 02104
Postcode 40210
Websäit https://www.duesseldorf.de/
Jumelage mat Chemnitz, Reading, Haifa, Warschau, Palermo, Czernowitz, Moskau


Düsseldorf ass d'Landeshaaptstad vun Nordrhein-Westfalen. Et ass ausserdeem déi drëttgréisst Stad vun deem Bundesland.

Düsseldorf läit an Nordrhein-Westfalen, gréisstendeels laanscht der rietser Säit vum Rhäin.

Bezierker a Staddeeler

[änneren | Quelltext änneren]

Düsseldorf huet am Ganzen 10 Stadbezierker, déi alleguer keen Numm hunn, mä einfach Nummere vun 1 bis 10 an 49 Staddeeler.

Düsseldorf grenzt am Norden u Ratingen an un Duisburg, am Osten un d'Stied Mettmann, Erkrath an Hilden, am Süden u Langenfeld a Monheim um Rhäin an am Westen un Dormagen, Neuss a Meerbusch.

Ëm 700 huet de Mënch Suitbertus am spéidere Kaiserswerth e Klouschter gegrënnt.

Kultur a Kuckeswäertes

[änneren | Quelltext änneren]

Plazen a Stroossen

[änneren | Quelltext änneren]

Um Medienhafe goufe virun 30 Joer nach d'Frachtschëffer a d'Containerschëffer ausgelueden. Haut ass de Medienhafen e neien a moderne Quartier dee sech duerch modern Architektur an elegant Restauranten a Caféen auszeechent. D'Kaiserswerth ass ee vun deenen eelste Quartiere vun Düsseldorf. Kuckeswäert ass dee bal vollstänneg erhalene Kär an d'Ruin vun der Kaiserpfalz um Rhäin.

Reegelméisseg Evenementer

[änneren | Quelltext änneren]
  • Februar: Akademie-Rundgang in der Kunstakademie.
  • Februar / Mäerz: Karneval an "Altweiber-Donnerstag"
  • Abrëll: Museumsnacht
  • Mee / Juni: Japantag, "Jazz-Rallye", "Literarische Meile auf der Königsallee", "Ratschlägerturnier in der Altstadt" an "Mittsommernacht"
  • Juli: "Kirmes am Rhein" a "Pink-Monday"
  • Juli-August: Frankenheim Kino Open-Air.
  • Enn September: Altstadtherbst an "Tag des offenen Denkmals"
  • Dezember: Internationale Skilangwettkampf.

D'Foiren zu Düsseldorf gehéieren zu deenen dräi ëmsazstäerkste Foiresplazen a ganz Däitschland. Hei ginn iwwer 40 international Foiren ofgehalen, dovu gëllen der eleng 21 als weltwäit déi gréisst aus hirer Branche. Bekannt Foirë sinn: d'"Boot Düsseldorf", "CPD- Internationale Frühjahrsmodemesse", "Beauty International", "Pro Wein" an "Interpak".

An der Königsallee, och nach kuerz d' genannt, fënnt een all Luxuslabele vun dëser Welt. D'Kö ass ongeféier e Kilometer laang. An der Schadowstraße kann een och zu méi moderater Präisser wéi op der Kö akafen. Hei fënnt e vun exzentrescher bis klassesch Moud bal alles.

Ekonomie an Infrastruktur

[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Düsseldorf – Biller, Videoen oder Audiodateien