Eat Your Feet Festival
Ausgesinn
Den Eat Your Feet Festival war e Museksfestival zu Diddeleng op deem lëtzebuergesch Museksgruppen opgetruede sinn.
E gouf tëscht 2008 an 2016 eemol d'Joer a véier Caféen organiséiert, an deene gläichzäiteg véier Concerte gespillt goufen. An all Café gouf dobäi ee Genre Musek gespillt: et gouf en Jazz-Café, en Hip-Hop/Elektro-Café, en Alternative-Rock-Café an e Metal-Café.
De Festival hat den Organisateuren no e Public vu 600 Leit.