Diskussioun:Eat Your Feet Festival

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

De Festival huet den Organisateuren no e Public vu 600 Leit.

Dat ass jo ëmwerfend. Dat haten Challengers jorelaang all Samschdeg.

Dat freet mech fir si. A firwat ass dat relevant? Wanns du näicht konkretes ze soen hues, da géi einfach fort, oder looss wéinstens eng Ënnerschrëft ënner dengem Commentaire. --Bdx (Diskussioun) 12:42, 19. Mäe. 2014 (UTC)[äntweren]
Et ass wéinstens sou relevant wéi e Festival mat 600 Leit eemol am Joer.
[Remarque: dat Gesabbels do uewe kënnt vum‎ 80.200.202.19 (12:59, 19. Mäe. 2014)] ----Bdx (Diskussioun) 14:25, 19. Mäe. 2014 (UTC)[äntweren]


Monsieur BDX hunn ech Iech Frechheete gemaach. Dir schéngt vill Saache ganz perséinlech ze huelen. Wann ee Mënsch sech wonnert datt sou een Déngen dat 600 Leit unzitt sech däerf Festival nennen, dann ass dat nach laang keng Ursaach fir vu Gesabbels ze schwätzen. A soss näischt fir ongutt.

Jo, ech huelen dat ganz perséinlech, well sou Leit wéi s du mir zimmlech op de Sak ginn. Amplaz heihin ze kommen an Troll ze spillen, kanns du dat Ganzt och mat méi Respekt a méi objektiv ugoen, z.B.:

Ech froe mech, op et korrekt ass, datt dat Evenement do Festival genannt gëtt. Op engem Concert vun den Challengers ware zum Beispill och jorelaang 600 Leit.

Da géif ech dir äntweren:

Doriwwer kann ee streiden, mee haut gëtt den Term "Festival" net méi nëmme benotzt fir grouss Evenementer déi bausse sinn, mee e gëtt och fir Indoorfestivalle a Niche-Festivale benotzt. An deem hei Fall gëtt et een Haaptorganisateur, vill verschidde Gruppen an e puer Bühnen, op deene gläichzäiteg no Genre gespillt gëtt. Op elo 600 Leit do sinn oder 60.000 ass net wirklech relevant, zumols et den EYF net erréicht zënter engem oder zwee Joer gëtt.

Dat wats du do méchs, ass fir mech dommt Gesabbels, well mir sinn hei bei Wikipedia an net op de Commentairessäite vun rtl.lu - "näischt fir ongutt". --Bdx (Diskussioun) 10:13, 20. Mäe. 2014 (UTC)[äntweren]

Ech well just bemierken dass den User 80.200.202.19 säit Deeg onnëtz Ännerungen op de Wiki Säiten fabrizéiert an Saachen wou ech drun geschafft hunn geläscht huet. Leider späert den allmächtegen User Les Meloures éischter mech well ech him dat matdeelen wei den User wou domm sabbelt an egalwat hei meescht.


Gudde Moien,
Bis elo war dat Geschreifs op dëser Säit mir zimmlech egal. Wann ech awer hei an IP-Gestreits materagezu ginn wou ech näischt dermat ze dinn hunn da ginn ech verspelleg. Hei behaapt d'IP 2001:7E8:C642:5601:F88A:D706:C8E7:596B ech hätt se gespaart. Dat ass mol einfach gelunn, an deen Dommste wees datt dat net méiglech ass, well soss kéint se guer näischt hei schreiwen. Doriwwer eraus war se och ni begrenzt gespaart, well se eréischt haut fir d'éischt aktiv ass. Dat ka jiddwereen an de Benotzerkontributiounen nokucken. An de leschten Deeg huet och keng IP mir eppes iwwer eng aner IP matgedeelt, am Sënn datt se Ännerunge gemaach hätt a Säite wou eng aner dru geschafft huet. An sou engem Fall hätt ech jo wuel reagéiert. Ech stelle just fest datt déi verschiddenst IPë vill Gepiddels opféieren ouni datt am Fong eppes un Artikele geschitt, an datt meeschtens no all IP-Gepiddels nees dräi wann net méi Schreiffeeler weider do stinn, datt Linken déi virdru blo waren duerch Verbesserungen nees rout gemaach ginn, datt dacks einfach eppes behaapt gëtt well dat op enger Internetsäit fir Marketing steet, an net der rechtlecher Situatioun entsprécht. Et ass net witzeg dee Klamauk all Kéier nozekucken.
Wann ee mir eppes ze soen huet kann en dat roueg op menger Diskussiounssäit soen, da brauch ech net mat Diskussioune vermëscht ze ginn, mat deenen ech näischt ze dinn hunn. --Les Meloures (Diskussioun) 11:57, 20. Mäe. 2014 (UTC)[äntweren]