Op den Inhalt sprangen

Edouard Brézol

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Edouard Brézol
Gebuer 29. Mäerz 1854
Saint-Laurent
Nationalitéit Frankräich
Stroosseschëld zu Biissen

Den Edouard Brézol, gebuer den 29. Mäerz 1854 zu Saint-Laurent bei Mézières[1], a gestuerwen (?), war e franséischen Ingenieur an Industriellen.

1887 huet hie zu Biissen déi fréier Schmëdd gelount an doran eng mechaniséiert Neelfabréck installéiert, déi no engem franséische Procédé sougenannt clous de Paris an Tapisséierneel fabrizéiert huet.

D'Firma, als Ed. Brézol & fils gegrënnt, ass séier gewuees an huet de gréissten Deel vu senger Produktioun – 110 Tonnen d'Joer – an d'Belsch, an Holland, an Däitschland an a Loutrenge verkaaft. D'Neel waren aus Eisen, Stol, Koffer an/oder Zénk. 1893 gouf s'an d'Komanditgesellschaft E. Brézol & Cie ëmbenannt an 1895 huet de Brézol säin Undeel dem Edmond Hodez verkaaft, deen d'Fabréck ewell ënnert dem Numm Hodez Edmond et consorts weidergefouert huet.

Als Erënnerung un hie gouf zu Biissen eng Strooss no him genannt.[2]

  • Fiche op industrie.lu (nogekuckt: 04.09.2024).

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Victor Kalmes. Bissen seit eh und je, Band 2. Luxemburg, Gemeindeverwaltung Bissen, saint-paul luxemburg, 2002. ISBN 2-87996-939-5. S. 325.
  2. Quell, wou net anescht uginn: „Äis Stroossennimm (3)“. In: Klautjen. Gemengeblaad[sic] Biissen Nr. 3 (2006), S. 2.