Edouard Schaack

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den Edouard Schaack, gebuer den 3. Juli 1871 an der Stad Lëtzebuerg,[1][2] gestuerwen de 17. Abrëll 1942 zu Konstanz,[3] war e lëtzebuergesche Geeschtlechen, deen Aumonier an der däitscher Arméi war.

No senge Lycéesjoeren am Atheneum ass den Edouard Schaack op Freiburg im Breisgau gaange, fir Theologie ze studéieren. Duerno huet hie sech als Geeschtlechen an déi däitsch Arméi engagéiert. 1899 gouf hien Divisionspfarrer zu Mörchingen (Morhange) a Loutrengen.[4] Am Joer 1900 huet hie säin Doktorat an der Theologie zu Freiburg gemaach.[5] 1906 koum hien als Divisionspfarrer op Saarbrécken,[6] duerno op Graudenz (Westpreisen).[7]

Den Edouard Schaack huet den Éischte Weltkrich vun 1914 bis 1918 matgemaach a gouf mam Eisene Kräiz I. an II. Klass ausgezeechent. 1922 gouf de Schaack, dee bis elo Paschtouer zu Reilingen a Baden war,[8] Stadtpfarrer a Standortpfarrer zu Konstanz (vun 1937 un ausschliisslech Standortpfarrer).[7]

Den Edouard Schaack war donieft Verbandsführer am Volksbund Deutscher Kriegsgräberfürsorge, an hie war en iwwerzeegten Nationalsozialist, dee säi Spëtznumm Hitlerpfarrer mat Stolz gedroen huet, wéi et am Noruff vum Eugen Ewert (1942) heescht.[7]

Den E. Schaack gouf an der Stad Lëtzebuerg begruewen.[3]

Hie war de Fils vum Professer Hyacinthe Schaack an de Brudder vum Procureur Charles Schaack.

Publikatioun[änneren | Quelltext änneren]

  • Geschichte der Grabstätte des hl. Willibrord. Vortrag gehalten in der Sitzung des Akademischen Bonifatius-Vereins im Luxemburger Priesterseminar, bei Gelegenhait der Säkular-Sühnfeier am 7. November 1894. Sankt-Paulus-Gesellschaft, Luxemburg 1895, 38 S.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Ewert, Eugen, 1942. Dr. Eduard Schaack in Konstanz gestorben. Escher Tageblatt 1942, Nr. (25. Abrëll), S. 3 [3] [idem, in: Luxemburger Wort 1942, Nr. 115 & 116 (25. Abrëll), S. 3 [4].

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Blum, Martin, 1981. Bibliographie luxembourgeoise ou catalogue raisonné de tous les ouvrages ou travaux littéraires publiés par des Luxembourgeois ou dans le Grand-Duché actuel de Luxembourg. Première partie: Les auteurs connus. Nouvelle édition, complétée, avec introduction et index analytique, par Carlo Hury. First published 1902-1932. Reprinted 1981. München, Kraus International Publications, vol. 2: M-Z, S. 380.
  2. Spedener, G., 1937. Die im Luxemburger Lande lebten und webten. Biographische Notizen. Grevenmacher 1937, S. 79.
  3. 3,0 3,1 Luxemburger Wort 1942, Nr. 111 (21. Abrëll), S. 6
  4. Luxemburger Wort 1899, Nr. 266 & 267 (23. September), Erstes Blatt, S. 2. [1]
  5. Luxemburger Wort 1900, Nr. 54 & 55 (24. Februar), Erstes Blatt, S. 3. [2].
  6. Luxemburger Wort 1906, Nr. 50 (19. Februar), S. 3
  7. 7,0 7,1 7,2 Ewert 1942.
  8. Luxemburger Wort 1922, Nr. 202 (31. August), S. 2