Op den Inhalt sprangen

Edward Kennedy

Vu Wikipedia
Edward Kennedy
Gebuertsnumm Edward Moore Kennedy
Gebuer 22. Februar 1932
Dorchester
Gestuerwen 25. August 2009
Barnstable
Doudesursaach Hirekriibs
Nationalitéit USA
Educatioun University of Virginia School of Law,
Harvard College
Aktivitéit Politiker, Affekot, Autobiograph
Partei Democratic Party
Fonctioun Senateur vun de Vereenegte Staaten
Member vun American Academy of Arts and Sciences
Auszeechnungen Presidential Medal of Freedom, Orden al Mérito de Chile
Famill
Bestuet mat Joan Bennett Kennedy (30.11.1958–1982),
Victoria Reggie Kennedy (3.7.1992–25.8.2009)
Papp Joseph P. Kennedy Sr.
Geschwëster John F. Kennedy, Rosemary Kennedy, Kathleen Cavendish, Patricia Kennedy Lawford, Robert F. Kennedy, Jean Kennedy Smith
Kanner Patrick J. Kennedy
Websäit http://kennedy.senate.gov/

Den Edward Moore ("Ted") Kennedy, gebuer den 22. Februar 1932 zu Boston am Massachusetts, a gestuerwen de 25. August 2009 zu Hyannis Port, war en US-amerikanesche Politiker.

Hie war vun 1962 bis zu sengem Doud Member vum Amerikanesche Senat fir de Staat Massachusetts.

Den Edward Kennedy war dat jéngst vun den néng Kanner vum Entreprener Joseph P. Kennedy, Sr. an deem senger Fra Rose. Hie war de leschte männlechen Iwwerliewende vun der zweeter Generatioun vun der Kennedy-Famill, an de Brudder vum John F. Kennedy a vum Robert F. Kennedy, déi allenzwéin ermuert goufen.