Eisebunnsstreck Féngeg - Dippech

Vu Wikipedia
Thumb
Thumb
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz iwwer d'Eisebunn. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Eisebunnsstreck Féngeg - Dippech an d'Streck Féngeg - Garnech waren zwou Niewestrecken, déi als Uschloss un d'Atertlinn geplangt gi waren. Den Uschloss sollt op der Héicht vun den zwee Gardshaisercher um Féngeger Plateau net wäit vum Boufferdanger Muer sinn. Do sollt e Gleisdräieck gebaut gi mat Uschloss an Direktioun Kënzeg beim Gardshaischen um Nuechtbann an, an Direktioun Péiteng sollt den Uschloss beim Gardshaischen ëstlech vum Boufferdanger Muer sinn.

Déi zwee Uschlossgleiser sollten eng ronn 500 Meter nordëstlech vun der Atertlinn uneneestousse fir dann op engem kuerze Stéck en eenzelt Gleis ze bilden. Dat Gleis sollt sech dann no e puer honnert Meter nees an zwee splécken. Ee Gleis sollt südlech laanscht Groussbéiweng féieren, laanscht Duelem, an da parallel mat der Dräikantonstrooss bis op Dippech verlafen, wou den Terminus op der Intersektioun mat der Nationalstrooss 5 gewiescht wier. D'Gleis fir op Garnech sollt westlech vu Klengbéiweng an Direktioun Réibierg lafe fir dann do laanscht de südlechen Hank erof bis op Garnech ze féieren.

Ausser engem Ulaf fir Gleisuschlëss um Féngeger Plateau war net vill un deem Projet geschafft ginn. Den Tracé vum Gleisdräieck ass haut op Loftbiller nach gutt z'erkennen an um Terrain gesäit een den Tracé vum Uschloss Péiteng, dee sech do duerch eng Rei Hecken a Beem materialiséiert.