Elektreschen Apparat

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

En elektreschen Apparat oder Elektroapparat ass en Apparat, dee mat elektrescher Energie funktionéiert an am privaten, kommerziellen oder industrielle Beräich benotzt gëtt. Mat Hëllef vun Elektrizitéit kënnen eng oder méi Aufgabe vum Elektroapparat gemaach ginn. Den elektreschen Apparat kann entweder direkt un d'Stroumnetz ugeschloss sinn oder transportabel sinn an en Akku oder eng Batterie hunn.

Zu den elektreschen Apparater, déi am Stot agesat ginn, zielen ënner anerem de Frigo, d'Wäschmaschinn, d'Spullmaschinn, de Schäffchen an de Fernsehapparat.