Elektreschen Apparat
Ausgesinn
(Virugeleet vu(n) Elektroapparat)
En elektreschen Apparat, elektroneschen Apparat oder Elektroapparat ass en Apparat, dee mat elektrescher Energie funktionéiert an am privaten, kommerziellen oder industrielle Beräich benotzt gëtt. En ass eng Efindung vun der Elektrotechnik. Mat Hëllef vun Elektrizitéit kënnen eng oder méi Aufgabe vum Elektroapparat gemaach ginn. Den elektreschen Apparat kann entweeder direkt un d'Stroumnetz ugeschloss sinn oder transportabel sinn an en Akku oder eng Batterie hunn.
Zu den elektreschen Apparater, déi am Stot agesat ginn, zielen ënner anerem de Frigo, d'Wäschmaschinn, d'Spullmaschinn, de Schäffchen an de Fernseeapparat.