Emotiv Sproochastellungen

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Mat emotive Sproochastellunge sinn déi individuell emotional Astellungen zu enger Sprooch, respektiv zu der jeeweileger Kultur, gemengt. D'Aart a Weis wéi een eng Sprooch empfënnt, hänkt also net eleng vun der Sprooch selwer of, mä vun allem wat déi Sprooch betrëfft, wéi d'Leit, d'Geschicht, asw.

Beispill Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg, e Paradebeispill vu Méisproochegkeet, gëtt een haaptsächlech mat zwou Sprooche konfrontéiert, Däitsch a Franséisch, mëttlerweil kéint een Englesch och dozou zielen. Zu deene jeeweilege Sproochen huet ee gewëssen Astellungen: a bestëmmte Beräicher hëlt een éischter déi eng Sprooch wéi déi aner.

Sou benotzt den duerchschnëttleche Lëtzebuerger seng Mammesprooch haaptsächlech an der oraler Kommunikatioun mat anere Lëtzebuerger. Lëtzebuergesch ass och en Zeeche vun nationaler Identifikatioun. Woubäi déi zwou aner Sproochen, Däitsch a Franséisch, virun allem der geschriwwener Sprooch déngen. Hei kann eng zousätzlech Ënnerdeelung gemaach ginn: Däitsch steet dacks bei privater Kommunikatioun an och fir d'Ofsécherung vum Verständnes am Vierdergrond. Franséisch gëtt haaptsächlech a wirtschaftlechen, kulturellen a politesch-ëffentleche Beräicher gebraucht. Dës zwou Sprooche sinn also, am Géigesaz zum Lëtzebuergeschen, reng Funktiounssproochen.

Wat déi emotiv Sproochastellungen zu deenen eenzelen Gebrauchssproochen zu Lëtzebuerg ubelaangt, sou gëtt dem Franséische weiderhin e gewësse Prestige zougeschriwwen. Et ass vun Ufank un d'Sprooch vum lëtzebuergesche Gesetz. De Fait, datt d'Majoritéit vun de Lëtzebuerger d'Juristen an d'Amtsfranséisch als immens komplizéiert empfannen, beleet datt Franséisch weiderhin als Sprooch vun der ieweschter Gesellschaftsklass ugesi gëtt.

Franséisch gëllt trotz, oder ebe wéinst, senger Komplexheet als chic. Sou ass d'Bereetschaft vun de Lëtzebuerger, hir Franséischkenntnesser ze verbesseren, méi grouss wéi fir dat Däitscht. Dat bedeit natierlech och gläichzäiteg, datt déi eege Franséischkenntnesser méi schlecht beuerteelt ginn wéi déi eegen Däischkenntnesser.

Dobäi kënnt datt Franséisch als d'Schrëftsprooch vun der Administratioun ugesi gëtt. Dat léisst sech gutt um Beispill vu Formulairen erkennen, obwuel déi meeschtens bilingue sinn (Däitsch, Franséisch). De Prestigevirspronk vum Franséischen ass zu Lëtzebuerg sou grouss, datt déi meescht Leit d'Formulairen op Franséisch ausfëllen, obwuel déi wéinegst virdrun ausschliisslech de franséischen Text gelies hunn. Dat léist sech erëm doduerch erklären, datt d'Liese vun administrative Bréiwer a Formulairen an der franséischer Versioun als immens schwéier empfonnt gëtt an dofir deen däitschen Text als Ofsécherung vum Verständnes matgelies gëtt.

Wéini wat fir eng Sprooch benotzt gëtt, hänkt natierlech och vum Gespréichspartner of, deen ugeschwat soll ginn. Hëlt een d'Beispill vun Zeitungsannoncen – e Beräich wou ëmmer méi dat geschriwwent Lëtzebuergesch ugewennt gëtt – sou steet hei d'Fro „Wie wëll ech mat menger Matdeelung uspriechen, respektiv net uspriechen?“ un éischter Plaz. Gëtt zum Beispill eng Haushaltshëllef iwwer eng däitsch oder lëtzebuergesch Annonce gesicht, gi vu vireran all Frankophonen ausgeschloss.

Och wa Franséisch am grousse Ganzen eng Prestigestellung anhëlt, sou gëtt et ee Beräich, an dem de Gebrauch vum Franséischen als lästeg empfonnt gëtt, an zwar wier dat an der Gastronomie (hei sief d'Stad Lëtzebuerg an d'Spëtzegastronomie ausgeschloss).

Literatur zum Thema[änneren | Quelltext änneren]

  • Fröhlich, Harald: Hierarchisierung und Kategorisierung im sprachrelevanten Alltagswissen-Anmerkungen zur soziolinguistischen Situation Luxemburgs, in: Dahmen, Wolfgang, Günter Holtus, Johannes Kramer, Michael Metzeltin, Christian Schmitt, Otto Winkelmann (Hg.): Germanisch und Romanisch in Belgien und Luxemburg-Romanistisches Kolloquium VI, Tübingen: Gunter Narr Verlag 1992, S. 188-202
  • Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg