Ensors

Vu Wikipedia
Logo vun den Ensors

D'Ensors sinn déi wichtegst Filmpräisser vu Flandern. Si sinn nom belsche Graveur a Moler James Ensor benannt a ginn zënter 2010 all Joer am Januar um leschten Dag vum Filmfestival Oostende verdeelt.[1]

D'Ensors gi vun der TV- a Filmakademie Ensor Academie organiséiert, déi och d'Gewënner auswielt. 2010 an 2011 hunn d'Ensors nach Vlaamse Filmprijzen (Flamännesch Filmpräisser) geheescht. Si sinn de Successeur vum fréiere belsche Filmpräis Prix Joseph-Plateau. D'franséischsproocheg Gemeinschaft an der Belsch huet mat de Magritte du cinéma zënter 2011 hiren eegene Filmpräis.

Zënter 2018 ginn och Fernseeprogrammer geéiert.

D'Präisstatu gouf vum Kënschtler Yves Velter vun Oostende entworf a stellt e Mann ouni Gesiicht duer.

Linken[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. ensors.be: De Ensors vieren jaarlijks het talent van de Vlaamse audiovisuele sector! (gekuckt den 21. November 2021)