Entente Izeg / Bous
Ausgesinn
Entente Izeg/Bous | ||||
Offiziellen Numm: | Entente Izeg/Bous | |||
---|---|---|---|---|
Grënnung: | 2009 | |||
Opgeléist: | 2010 | |||
Stadion: | Stade Albert-Kongs an Terrain Jos Durbach | |||
Plazen: | 1200 / 2740 | |||
President: | Ivica Repušić / Nic Johanns | |||
Trainer: | Jeff Koob + Kent Groenbaek | |||
Liga: | 1. Liga | |||
Saison: | 2009/10 | |||
Positioun: | 6. | |||
|
D'Entente Izeg/Bous war eng Entente tëscht den Dammenekippe vum Izeger Veräin FC Blo-Wäiss Izeg an dem Busser Veräin US Bous.
D'Entente Izeg/Bous ass et just wärend der Saison 2009/10 ginn. Si huet an der 1. Liga vum Lëtzebuerger Dammefoussballchampionat gespillt an huet um Enn déi 6. Plaz beluecht, dëst ënner der Leedung vum Trainer Jeff Koob an Zesummenaarbecht mam Kent Groenbaek.
Déi Saison drop ass si ëmgewandelt ginn an d'Entente Izeg/Union Réimech-Bous, bedéngt duerch d'Fusioun vun de Veräiner AS Réimech an US Bous.
Hir Heem-Matcher goufen um Stade Albert-Kongs zu Izeg respektiv um Terrain Jos-Durbach zu Bous gespillt.
Statistik:
- Saison 2009/2010 1. Liga: 6. Plaz/ 10, 20 Punkten