Entente Izeg / Kanech / CeBra
Entente Izeg/Kanech/CeBra | ||||
Offiziellen Numm: | Entente Izeg/Kanech/CeBra | |||
---|---|---|---|---|
Grënnung: | 2016 | |||
Stadion: | Stade Albert-Kongs, Stade Rue de Lenningen a Stade Boy-Konen | |||
Plazen: | 1200 / 1000 | |||
President: | Ivica Repušić Paul Trierweiler Pedro Miguel Duarte Jordao | |||
Trainer: | Fernando Reis Da Silva | |||
Liga: | 1. Liga | |||
Saison: | 2016/17 | |||
Positioun: | 5. | |||
|
D'Saison 2016/17 trëtt d'Dammenekipp vum FC Blo-Wäiss Izeg am Dammefoussballchampionnat als Entente Izeg/Kanech/CeBra (Dammen I) respektiv als CeBra/Izeg/Kanech (Dammen II) un.
Dës Entente resultéiert aus dem Zesummeschloss vun den 3 Fussballveräiner FC Blo-Wäiss Izeg, FC Jeunesse Kanech an FC CeBra 01 vun Zéisséng.
D'éischt Ekipp spillt an der 1.Liga vum Lëtzebuerger Championnat a gëtt vum Fernando Reis Da Silva trainéiert. D'2.Ekipp spillt an der 2.Liga.
D'Heemmatcher vun deenen 2 Formatioune gi bis d'Wanterpaus um Terrain vum FC CeBra 01, dem Stade Boy-Konen (Zéisséng) gespillt. Eventuell Heemmatcher an der Coupe de Luxembourg ginn zu Kanech um Stade Rue de Lenningen gespillt. D'Traininge wäerten zu Izeg um Stade Albert-Kongs an zu Zéisseng um Stade Boy-Konen ofgehale ginn.
Statistik:
- Saison 2016/17: 1. Liga: 5. Plaz/12, 32 Punkten
- Saison 2017/18: 1. Liga: 4. Plaz/12, 39 Punkten