Op den Inhalt sprangen

Enteschbaach (Lieu-dit)

Vu Wikipedia
Enteschbaach
Aussprooch
Land Lëtzebuerg
Kanton Dikrech
Gemeng Buerschent
Buergermeeschter Annie Nickels-Theis
Awunner 5
  1. Juni 2021
Koordinaten 49° 54’ 43.5’’ N
      06° 06’ 50.7’’ O

Enteschbaach ass en Haff a Lieu-dit an der Gemeng Buerschent, eng 2 km ëstlech vun der Uertschaft Buerschent an e knappse Kilometer westlech vu Branebuerg.

Enteschbaach läit op enger Héicht vu 422 m am nërdlechen Hank vun der Enteschbaach, enger klenger Niewebaach vun der Blees. En ass iwwer eng Ofzweigung vun der N7, op der Héicht vu Fléiber, z'erreechen.