Erasure

Vu Wikipedia
Andy Bell a Vince Clarke

Erasure ass eng erfollegräich englesch Synthie-Pop-Band, déi aus dem Andy Bell an dem Vince Clarke besteet.

Bandgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

Virgeschicht a Grënnung vun Erasure[änneren | Quelltext änneren]

De Vince Clarke ass e Synthesizer- a Sequenzer-Spezialist, deen als Grënnungsmember vun Depeche Mode d'Hits „New Life“ a „Just Can't Get Enough“ komponéiert huet. Schonn Enn 1981 huet de Clarke Depeche Mode wéinst musikaleschen Differenze verlooss, fir 1982 mam Alison Moyet d'Duo Yazoo ze grënnen. Dem Duo Yazoo säin éischten Hit war „Only You“, deen de Vince Clarke fir Depeche Mode geschriwwen hat. No zwéin Albumen an enger Rei vun erfollegräiche Singelen ("Don't Go", "Situation", "Nobody's Diary") gouf Yazoo wéinst perséinlechen Differenzen opgeléist.

1983 huet hien nach de Projet The Assembly zesumme mam Tountechniker gestart, deen awer och erëm opgeléist gouf.

1985 huet de Vince Clarke dann iwwer eng Annonce am Melody Maker e Sänger fir en neie Projet gesicht. De Leschte vu véierzeg Kandidate war den Andy Bell. Erasure war gebuer.

1985–1994[änneren | Quelltext änneren]

1985 huet Erasure hir éischte Single „Who Needs Love Like That“ verëffentlecht, déi e klengen Diskothéikenhit gouf. Den nächste méi groussen Hit war „Oh L'amour“ aus dem Debutalbum Wonderland (1986). Dës Single hat virun allem an Däitschland a Frankräich e grousse Succès.

Erasure hat hiren éischte groussen internationalen Hit mat „Sometimes“, dee sech a vill europäesche Länner an d'Charts placéiere konnt. „Victim of Love“ war eng No. 1 an den US Dance Charts. Den zweeten Album, The Circus (1987), aus deem déi Single sinn, huet sech dowéinst besser verkaaft.

Déi nächst fënnef Albumen The Innocents (1988), Wild! (1989), Chorus (1991), Pop! The First 20 Hits (1992) an I Say I Say I Say (1994) goufen all No. 1 an de britteschen Charts. Pop! gouf a Groussbritannien mat Dräifach-Platin ausgezeechent. Aus deenen Albe stamen international Hits wéi z. B. „Ship of Fools“, „A Little Respect“, „Blue Savannah“, „Chorus“, „Love to Hate You“ an „Always“.

D'EP Crackers International mam Hit „Stop!“ gouf No. 2 an den UK Single Charts. D'ABBA-esque EP, op där Erasure d'ABBA-Hits „Lay All Your Love On Me“, „S.O.S.“, „Take A Chance On Me“ a „Voulez Vous“ gecovert huet, war souguer No.1 an de britteschen Charts.

1995–2005[änneren | Quelltext änneren]

Nom nach populären Album I Say I Say I Say (1994) huet Erasure kaum nach kommerziell erfollegräich Albumen erausbruecht. Den Album Loveboat gouf an Amerika net emol verëffentlecht.

2003 hat Erasure e Comeback mat enger Cover-Versioun vum Peter Gabriel-Hit "Solsbury Hill". 2003 koum och e Best-of-Album Hits! The Very Best Of Erasure eraus. Eng DVD mat alle Museksvideoe vun Erasure koum och eraus.

Enn 2004 huet de Sänger Andy Bell bekannt ginn, datt hien zanter 1998 HIV-positiv ass.[1]

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Studio-Albumen[änneren | Quelltext änneren]

Joer Titel Chartpositiounen
UK DE US SE CH DK AT NZ ES
1986 Wonderland 71 20 13
1987 The Circus 6 16 190 12 9 40
1988 The Innocents 1 10 49 13 15 50
1989 Wild! 1 16 57 20 24
1991 Chorus 1 13 29 14 21 14 5
1994 I Say I Say I Say 1 6 18 3 17 9 2 33
1995 Erasure 14 87 82 26 33
1997 Cowboy 10 34 43 19 15 27
2000 Loveboat 45 48 57
2003 Other People's Songs 17 17 138 31
2005 Nightbird 27 22 154 34 25
2006 Union Street 102 13
2007 Light at the End of the World 29 42 127
2011 Tomorrow's World 29 35 61 20
2013 Snow Globe 49 100
2014 The Violet Flame 20 41 48 37 5 100
2017 World Be Gone 6 28 137 15 69 99
2020 The Neon 4 11 49

Kompilatioun- a Live-Albumen[änneren | Quelltext änneren]

Joer Titel Chartpositiounen
UK DE US SE CH AT
1987 The Two-Ring Circus 26 186 ?
1992 Pop! – The First 20 Hits 1 12 112 15 18 4
2003 Hits! The Very Best of Erasure 15 54
2005 The Erasure Show1 n.v. n.v. n.v. n.v. n.v.
2006 Acoustic Live1 n.v. n.v. n.v. n.v. n.v.
2007 Live at the Royal Albert Hall1 n.v. n.v. n.v. n.v. n.v.
2009 Total Pop! The First 40 Hits 21
2011 Tomorrow's World Tour (Live at the Roundhouse)1 - n.v. n.v. n.v. n.v. n.v.

„n.v.“ = net verëffentlecht
1 nëmmen UK

Singelen[änneren | Quelltext änneren]

Joer Titel Chartpositiounen
UK DE SE US Hot100 US Dance CH AT IT FR ES
1985 Who Needs Love Like That
Wonderland
55 48 8 23 -
1985 Heavenly Action
Wonderland
100 n.v. 8 n.v. n.v.
1986 Oh L'amour
Wonderland
85 16 15 3 14 -
1986 Sometimes
The Circus
2 2 20 4 3 10 22 39 1
1987 It Doesn't Have to Be
The Circus
12 16 n. v. 4 19 30
1987 Victim of Love
The Circus
7 26 1 22 -
1987 The Circus
The Circus
6 30 n.v. n.v. n.v. -
1988 Ship of Fools
The Innocents
6 9 n.v. n.v. 12 -
1988 Chains of Love
The Innocents
11 18 12 4 16 n.v. -
1988 A Little Respect
The Innocents
4 34 14 2 28 -
1988 Stop!1
Crackers International
n.v. n.v. 97 4 n.v. n.v. n.v. n.v. -
1988 Crackers International
Crackers International
2 18 734 15 16 n.v. -
1989 Drama!
Wild!
4 12 10 15 18
1989 You Surround Me
Wild!
15 38 n.v. n.v. n.v. -
1990 Blue Savannah
Wild!
3 13 44 -
1990 Star
Wild!
11 33 4 n.v. -
1991 Chorus
Chorus
3 17 37 83 14 10 20 -
1991 Love to Hate You
Chorus
4 19 4 17 17 6 -
1991 Am I Right?
Chorus
15 n.v. n.v. 21 n.v. -
1992 Breath of Life
Chorus
8 44 25 n.v. -
1992 Abba-esque
Abba-esque
1 2 1 854 10 3 1 27
1992 Who Needs Love Like That (Remix)
Pop! The First 20 Hits
10 27 31 18 n.v. -
1994 Always
I Say I Say I Say
4 5 2 20 6 23 2 25 8
1994 Run to the Sun
I Say I Say I Say
6 49 19 124 14 n.v. -
1994 I Love Saturday
I Say I Say I Say
20 69 34 20 n.v. -
1995 Stay With Me
Erasure
15 13
1995 Fingers & Thumbs (Cold Summer's Day)
Erasure
20 69 10 n.v. -
1996 Rock Me Gently2
Erasure
n.v. n.v. n.v. n.v. n.v. n.v. n.v. n.v. n.v.
1997 In My Arms
Cowboy
13 76 12 55 2 40 n.v. n.v.
1997 Don't Say Your Love Is Killing Me
Cowboy
23 89 26 5 n.v. -
1997 Rain
Cowboy
n.g. n.v. n.v. n.v. n.v. n.v.
2000 Freedom
Loveboat
27 80 51 n.v. n.v. n.v. -
2001 Moon & The Sky3
Loveboat
n.g. n.v. n.v. n.v. n.v. n.v. n.v. n.v. n.v. n.v.
2003 Solsbury Hill
Other People's Songs
10 29 39 n.v. -
2003 Make Me Smile (Come Up and See Me)
Other People's Songs
14 58 n.v. -
2003 Oh L'amour (Remix)
Hits! The Very Best Of Erasure
13 59 n.v. -
2005 Breathe
Nightbird
4 35 33 1 55 n.v. -
2005 Don't Say You Love Me
Nightbird
15 69 n.v. -
2005 Here I Go Impossible Again /
All This Time Still Falling Out of Love
Nightbird
25 69 n.v. n.v.
2006 Boy
Union Street
- n.v. n.v. n.v. n.v. n.v.
2007 I Could Fall in Love With You
Light at the End of the World
21 69 7 - n.v. -
2007 Sunday Girl
Light at the End of the World
33 76 - - - - - n.v. -
2007 Storm Chaser
Light at the End of the World
- - - - - - - n.v. n.v. n.v.
2011 When I Start to (Break It All Down)
Tomorrow's World
175 - - 25 - - n.v. n.v. n.v.
2011 Be With You
Tomorrow's World
- - - 7 - - n.v. n.v. n.v.
2012 Fill Us With Fire
Tomorrow's World
- - - - - - n.v. n.v. n.v.
2013 Gaudete
Snow Globe
- - - 18 n.v. n.v. n.v. n.v. n.v.
2014 Make It Wonderful
Snow Globe
2014 Elevaton
Th Violet Flame
- - - 18 n.v. n.v. n.v. n.v. n.v.
2014 Reason
The Violet Flame
- - - 18 n.v. n.v. n.v. n.v. n.v.
2015 Sacred
The Violet Flame
- - - 18 n.v. n.v. n.v. n.v. n.v.
2015 Sometimes
Always - The Very Best of Erasure
- - n.v. n.v. n.v. n.v. n.v. n.v. n.v. n.v.
2017 Love You to the Sky
World Be Gone
- - n.v. n.v. n.v. n.v. n.v. n.v. n.v. n.v.
2017 World Be Gone
World Be Gone
- - n.v. n.v. n.v. n.v. n.v. n.v. n.v. n.v.

„n.v.“ = net verëffentlecht
1 nëmmen USA
2 nëmmen Däitschland a Tschechien
3 nëmmen UK
4 EP, an den USA an den Albumcharts

Videoen[änneren | Quelltext änneren]

Joer Titel Format
1987 Live At The Seaside VHS
1988 Innocents Live=' VHS
1989 Wild! Live VHS
1992 ABBA-esque VHS
1992 Pop! The First 20 Hits VHS
1992 The Tank, The Swan & The Balloon VHS
1996 Erasure 1995–1996 VHS
1998 Tiny Tour VHS
2003 Sanctuary – The EIS Christmas Concert 20021 DVD
2003 Hits! The Videos DVD
2004 The Tank, The Swan & The Balloon DVD
2005 Great Hits Live2 DVD
2005 The Erasure Show – Live In Cologne DVD
2007 On the Road to Nashville DVD
2008 Live at the Royal Albert Hall DVD

1 nëmmen UK
2 nëmmen Australien

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]


Commons: Erasure – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. http://www.laut.de/vorlaut/news/2004/12/15/11081/