Ernest Nicolas Georges Faber

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Ernest Faber)
Ernest Nicolas Georges Faber
Gebuer 3. Dezember 1861
Gestuerwen 27. Juli 1921
Aktivitéit Ingenieur


Den Ernest Nicolas Georges Faber, gebuer den 3. Dezember 1861 zu Lëtzebuerg a gestuerwen de 27. Juli 1921 zu Miersch[1], war e lëtzebuergesche Forstingenieur an Inspekter bei der Forstverwaltung.

Hien huet eng Rei vu Publikatiounen opzeweisen, déi virun allem am Bulletin vun de Lëtzebuerger Naturaliste publizéiert goufen, z. B. iwwer bemierkenswäert Beem, d'wëll Kanéngchen, de Wollef, d'wëllt Schwäin, d'Réi, etc.[2] Säi Buch Luxemburg im Kriege 1914-1918 ass posthum am Joer 1932 editéiert ginn; vun de Preise gouf et 1938 op d'Lëscht vun de schiedlechen an onerwënschte Bicher ("Liste des schädlichen und unerwünschten Schrifttums") gesat[3].

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Faber, Ernest (1891): Die Nonne, Liparis monacha (Ph. B.). Bull. Soc. Nat. luxemb. 1(1891), 46-47, 68 [Sinnstörende Druckfehler].
  • Faber, Ernest (1893): Alte Bäume. Luxemburg, St. Paulus-Gesellschaft, 36 S.
  • Faber, Ernest (1895): Waldschädigungen durch Schmetterlingsraupen in unserm Lande wärend der letzten Dezennien. Bull. Soc. Nat. luxemb. 5(1895), 34-41.
  • Faber, Ernest (1897): Unsere Baumriesen. Rec. Mém. Trav. Soc. Bot. G.-D. Luxemb., 13 (1890-1896): 51-90.
  • Faber, Ernest (1901-1903): Beiträge zu einem "Luxemburger Waldbau". Bull. Soc. Nat. luxemb 11(1901), 442-446, 491-496; 12 (1902), 28-31, 39-43, 54-58, 74-78, 104-109, 120-126 (2 phot.), 154-156, 195-200, 209-212, 234-239; 13(1903), 7-14, 36-40, 55-60, 68-71.
  • Faber, Ernest (1907): Die Baumriesen des Großherzogtums Luxemburgs in Wort und Bild mit Erwähnung hervorragender ausländischer Riesenbäume. Diekirch, J. Schroell, 67 S.
  • Faber, Ernest (1908): Das Reh. Bull. Soc. Nat. luxemb. 18(1908), 310-318.
  • Faber, Ernest (1908): Das wilde Kaninchen (Lepus cuniculus), seine Lebensweise und Bekämpfung. Bull. Soc. Nat. luxemb. 18(1908), 250-258.
  • Faber, Ernest (1908): Der Wolf, seine Lebensweise und frühere Verbreitung im Großherzogtum. Bull. Soc. Nat. luxemb., 28: 389-394, 411-419 [Separatdruck 1909; Neuaufl. 1971 mit einem Vorwort von Ernest Faber, Mersch, Impr. F. Faber, pp. 1–16].
  • Faber, Ernest (1908): Die Anbauwürdigkeit der Douglasfichte (Pseudotsuga Douglasii, Carr) in unserm Lande. Bull. Soc. Nat. luxemb. 18(1908), 71-76, 116-120, 175-184.
  • Faber, Ernest (1909): Das Schwarzwild, seine Lebensweise und seine Jagd. Bull. Soc. Nat. luxemb. 19(1909), 18-23, 62-67, 104-108, 134-137, 171-181 [aufgenommen in einen 1909 erschienen Separatdruck; Neuaufl. 1971 mit einem Vorwort von Ernest Faber, Mersch, Impr. F. Faber, pp. 17–45].
  • Faber, Ernest (1912-1913): Die Baumriesen des Grossherzogtums Luxemburg in Wort und Bild mit Erwähnung hervorragender ausländischer Riesenbäume. Bull. Soc. Nat. luxemb., 22 (1912): 85-90, 124-128, 156-173, 188-192, 217-224, 251-252, 293-299; 23 phot.; 23 (1913): 5-10, 20-32, 45 (Nachtrag). [Separatdruck: P. Worré-Mertens, Luxemburg 1913]
  • Faber, Ernest (1913-1914): Verbreitung und Anbauwürdigkeit der Nadelhölzer im Grossherzogtum Luxemburg. Eine forstliche Plauderei aus Theorie und Praxis. Bull. Soc. Nat. luxemb. 23(1913), 58-64, 86-96, 125-132, 1 phot.; 24(1914), 8-10, 21-32, 42-45.
  • Faber, Ernest (1915-1916): Kalamitäten im Luxemburger Wald wärend der letzten Dezennien. Bull. Soc. Nat. luxemb. 25(1915), 87-95; 26(1916), 40-54, 128-131, 174-190. [Separatabdruck aus der Vereinsschrift "Gesellschaft Luxemburger Naturfreunde", Luxemburg: P. Worré-Mertens, 1916, 45 S.].
  • Faber, Ernest (1915-1916): Merkwürdige Baumgestalten aus dem Grossherzogtum Luxemburg. Bull. Soc. Nat. luxemb., Festschrift 1915, 333-417, 38 figs. h.-t.; 26 (1916), 241-242 (Nachtrag), 3 figs. h.-t.
  • Faber, Ernest (1920): Die Baumriesen des Grossherzogtums Luxemburg in Wort und Bild mit Erwähnung hervorragender ausländischer Riesenbäume. Vermehrte Aufl. Mersch, Franz Faber, 95 (36) S.
  • Faber, Ernest (1932): Luxemburg im Kriege 1914 - 1918. Mersch, Fr. Faber, 187 S.
  • Faber, Ernest / Bausch, Pierre (1946): Tambow 1946. Mersch, Imprimerie Fr. Faber

D'Publikatiounen aus dem Bulletin vun der SNL sinn als PDF op der Websäit vun der SNL ze fannen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Laut dem Nekrolog am Bulletin de la Société des Naturalistes luxembourgeois, 15 (1921), S. 105, wier den E. Faber an der Stad gestuerwen. Deem huet sech de J.A. Massard (1990): La Société des Naturalistes Luxembourgeois du point de vue historique. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois, 91: S. 159, ugeschloss. De G. Spedener (1937): Die im Luxemburger Lande lebten und webten. Biographische Notizen. Grevenmacher, P. Faber, S. 23, gëtt "Miersch" un, grad wéi: G. Goetzinger & C.D. Conter (2007): Luxemburger Autorenlexikon. Centre national de littérature Mersch, S. 157, wou de Faber "Oberforstinspektor" ass. Laut dem SNL-Bulletin, 15 (1921), S. 93, war dem Faber, "inspecteur des eaux et forêts", seng Adress: "11, rue Peter, Luxembourg". De facto huet de Faber an der Stad gewunnt, ass awer zu Miersch gestuerwen (Etat civil, Gemeng Miersch, Stierffall Nr. 35 vum Joer 1921). – De richtege Gebuertsdatum ass den 3. Dezember 1861, an net den 3. September (cf. Massard, op. cit.)
  2. J.A. Massard & G. Geimer (1990): Table générale des publications de la Société de Botanique du Grand-Duché de Luxembourg (1874-1905) et de la Société des Naturalistes Luxembourgeois (1891-1989), avec index analytique des matières. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 91: 215-455.
  3. Verbannte Bücher