Erwin Schwab
Erwin Schwab | |
---|---|
Gebuer |
16. September 1964 Heppenheim (Bergstraße) |
Nationalitéit | Däitschland |
Aktivitéit | Astronom, Physiker |
Den Erwin Schwab, gebuer de 16. September 1964 zu Heppenheim, ass en däitschen Amateurastronom, dee beim GSI Helmholtzzentrum fir Schwéierionefuerschung schafft.
De Schwab huet sech op d'Observatioun vun Asteroiden a Koméite spezialiséiert.[1] Hien huet eng ganz Rei vun Asteroiden op verschiddenen Observatoiren entdeckt. Um Taunus-Observatoire vum Physikalesche Veräin Frankfurt huet hien d'Asteroiden (204852) Frankfurt[2] a (243440) Colonia entdeckt. D'Objeten (241418) Darmstadt,[2] (263932) Speyer[3] a (243536) Mannheim[4] huet hien op den Observatoire vun der Tzec Maun foundation zu Mayhill (USA) respektiv Moorook (Australien) entdeckt.
Op Virschlag vum spueneschen Observatorio de La Sagra gouf den Asteroid 185638 nom Erwin Schwab genannt.
Sport
[änneren | Quelltext änneren]1986 gouf de Schwab Zweeten op der Däitscher Bumerang-Meeschterschaft.
Publikatiounen (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]- Kleinplaneten-Entdeckungen in Deutschland. Epubli Verlag, Berlin 2016, ISBN 978-3-741-80915-6