Escher Conservatoire
Südfassad. | |
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Plaz | Esch-Uelzecht, Other Strooss |
Koordinaten | 05° 58’ ’’ E 49° 29’ ’’ N |
Architekt(en) | Paul Tafel |
Statut | Nationaalt Monument (INPA) |
Datum vum Bau | 1910/12 |
Proprietär | Gemeng Esch-Uelzecht |
Den Escher Conservatoire, offiziell: Conservatoire de musique de la Ville d'Esch, ass e Museksconservatoire zu Esch-Uelzecht. En ass an der Other Strooss, am fréieren Arbeds-Casino ënnerbruecht. Direkter ass vun 2011 un de Marc Treinen[1], vun 1978 bis dohi war et de Fred Harles.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]1926 gouf zu Esch eng éischt Musekschoul ageweit. 1969 gouf se offiziell an e “Conservatoire de Musique” ëmbenannt. 1992 huet d'Escher Gemeng de fréieren Arbedscasino opkaaft, wuer, no Ëmbauaarbechten, de Conservatoire aus sengem ale Gebai an der Kierchestrooss, geplënnert ass.
D'Gebai
[änneren | Quelltext änneren]D'Gebai, an deem de Conservatoire haut dran ass, war 1910-1912 vun der Gelsenkirchener Bergwerks-AG als Casino gebaut ginn (Architekt: Paul Tafel), wou Receptiounen ofgehale goufen, deen awer och als Restaurant, Keelebunn a Festsall benotzt gouf. Am selwechte Baustil goufen och Wunnenge fir Beamten an administrativ Gebaier niewendru gebaut.
1985 huet d'Arbed, an där hire Besëtz en 1919 iwwergaange war, de Casino zougemaach a verkaaft. Deen neie Proprietär wollt en ofrappen an eng Bensinnsstatioun dohi bauen, huet dat awer op Protester vun Denkmalschützer hi si gelooss. De Lëtzebuerger Staat huet d'Gebai opkaaft an ënner Denkmalschutz gestallt; et gouf den 28. November 1986 op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als Nationalmonument klasséiert.[2]
1992 huet d'Escher Gemeng et ofkaaft fir do de Conservatoire dran z'installéieren.
Coursen, déi den Escher Conservatoire ubitt
[änneren | Quelltext änneren]- Solfège
- Akustik
- Geschicht vun der Musek
- Museksanalys a Museksesthetik
- Harmonie
- Kontrapunkt
- Fug
- Kompositioun
- Musekspedagogie
- Chouerdirektioun
- Orchesterdirektioun
- Eveil vocal
- Sologesank
- Art lyrique
- Gregorianesche Gesank
- Jazz
- Danz
- Diktioun
- Kummermusek
- Orchestermusek
- Chouermusek
An der Musekschoul gëtt et verschidden Ensembelen, wéi d'Brass Band, den Harmoneschen Orchester, de Synphoneschen Orchester, en Orchestre de Chambre, en Ensemble vocal an d'Chorale des jeunes.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Conservatoire de musique Esch-sur-Alzette – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ "Marc Treinen is neuer Direktor." tageblatt.lu, 08. Juli 2011 09:43; Akt: 08.07.2011 17:24
- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 26. November 2024).